Wien - d'Stad vum Walzer a vun der Polka, vun der liichter Danzmusek. Mee och an der "seriöer" Kammermusek, ausserhalb vum Danzsall, lieft de Wiener Klang weider. Genee dës Verbindung beliicht den Auner Quartett, 2013 zu Wien gegrënnt, an hirem Album "Jenseits vom tanzenden Wien". Um Programm stinn d'Sträichquartett a Ré Majeur vum Arnold Schönberg an d'Sträichquartett a La Mineur vum Fritz Kreisler – de Schönberg iwwerraschend frëndlech an tonal, an de Kreisler onerwaart däischter. Dräi kuerz Stécker vum Johann Strauss, Josef Strauss an Erich Wolfgang Korngold encadréieren déi zwee Haaptwierker.
An där Unuerdnung ergëtt sech e Bild vun enger Stad, déi sech verännert, a vun deem, wat an der Musek vun hir erhale bleift: tëschent Léift a Sehnsucht, Nostalgie an Abschid.