Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live

Presentateuren / Journalisten

Ekipp (4) chevron_right

Eis Missioun

expand_more

Den opus 100,7 ass de Radiosender fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg. Lancéiert gouf de Sender am Joer 2023 als rengen Internetradio. Et ass e Schwësterprogramm vum radio 100,7, aus deem sengem Programm en d’Noriichten iwwerhëlt.

 

Getrei sengem Motto “Fill dech doheem, iwwerall“, iwwerléisst den opus 100,7 a senger Museksprogrammatioun där ganz dynamescher Lëtzebuerger Musekszeen vill Plaz. Iwwer 20 Prozent vun der Sendezäit si Produktioune respektiv Museker a Musekerinne vu Lëtzebuerg oder där, mat enger staarker Relatioun zur nationaler Musekszeen, dediéiert. Dozou gehéieren exklusiv Concertsopnamen, déi vum 100,7 fir seng eege Besoinen a fir d’Euroradio Netzwierk vun der European Broadcasting Union (EBU) gemaach ginn. Nieft Musek offréiert den opus 100,7 Album-Bespriechungen an Interviewen iwwer aktuell Projeten an thematesch Emissiounen.

 

D’Radiosprogrammer opus 100,7 an radio 100,7, de Radiosender fir Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg, ginn am allgemengen Interessi vum Média de Service public 100,7 produzéiert, engem onofhängegen ëffentlech-rechtlechen Établissement. De Verwaltungsrot ass aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummegesat. Ufank 2023 ass fir d’éischte Kéier e Member no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot kooptéiert ginn.

Finanzéiert gëtt de Média de Service public 100,7 vun der ëffentlecher Hand, aus dem Staatsbudget. Ausser dem Parainage vun eenzelne Sendungen dierf keng Publicitéit op senge Radioë gespillt ginn. Zënter 2015 gëtt dëse Finanzement iwwert méijäreg Konventioune geséchert. Dëst verhënnert, datt iwwert de Budget d’Onofhängegkeet vun de Journaliste vum 100,7 ënner Drock geréit.

 

Als Service public huet den 100,7 besonnesch Verflichtungen. Souwuel bei Informatioune wéi bei Meenungsbeiträg a Kommentare muss d’Redaktioun onparteiesch an onofhängeg bleiwen, an d’ethesch Normen, Qualitéitsuspréch an d’Wäerter vum Service public respektéieren. Den 100,7 muss zur sozialer Kohesioun bäidroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenunge reflektéieren an d’demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger promovéieren.

Zu senger Missioun gehéiert och d’kulturell an artistesch Kreatioun zu Lëtzebuerg an Evidenz ze setzen. Zum Optrag vum 100,7 gehéiert virun allem, d’Nolauschterer, am Respekt vun der Wäerter vum Service public, ze ënnerhalen. 

Wéi kann ech den opus 100,7 lauschteren?

expand_more
• als Webradio iwwer opus.radio
• iwwer Livestream
• iwwer d’Radioplayer App

Deen heite Link kënnt Dir an all App/Device aginn fir den opus ze lauschteren

https://stream.opus.radio/100komma7/opus/mp3/320/stream.mp3?ar-distributor=f0d1

De Link fonctionnéiert och mat http a méi alen Applicatiounen. Mir roden awer dovunner of, deen ze benotzen.

Kontakt

expand_more
  • opus 100,7 :

  • apartment

    21a, Avenue J.F. Kennedy L-1855 Luxembourg

  • markunread_mailbox

    Adresse postale : b.p. 1833 L-1018 Luxembourg

  • Telefonsnummer :

  • phonelink_ring 440044 1

De radio 100,7 fannen chevron_right

Gouvernance

expand_more

Gesetz
Loi du 12 août 2022 portant organisation de l’établissement public « Média de service public 100,7 » et portant modification de la loi modifiée du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques.

 

 

Verwaltungsrot
De Verwaltungsrot vum Média de service public 100,7 bestëmmt déi allgemeng Strategie vum Medienhaus, engagéiert den Direkter oder d’Direktesch an iwwerwaacht d’Gestioun vum Etablissement esou wéi de Respekt vum gesetzleche Kader.

 

De Verwaltungsrot huet néng Memberen. Dorënner si sechs onofhängeg Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer virgeschloen a vun der Regierung ernannt ginn. Déi dräi aner Membere si Staatsvertrieder, déi d’Regierung virschléit an ernennt. Fir nei onofhängeg Memberen ze fannen, kann de Verwaltungsrot en ëffentlechen Opruff fir Kandidature maachen.

 

D’Mandat vun engem/r Verwaltungsrotsmember huet fënnef Joer a kann eemol erneiert ginn.

De Verwaltungsrot wielt säi President oder seng Presidentin ënner senge Memberen.

 

De Média de Service public 100,7 gëtt och vun engem/r Regierungskommissär:in iwwerwaacht, deen oder déi mat berodender Stëmm un de Reunioune vum Verwaltungsrot deelhëlt. De Regierungskommissär kann Entscheedunge vum Verwaltungsrot suspendéieren, wa se riskéiere géint Gesetzer, Reglementer, d’Finanzéierungskonventioun oder de Cahier de charges ze verstoussen. Déi Fäll ginn dem Medieminister ënnerbreet.

 

Verwaltungsrotsmemberen:

Véronique Faber, Presidentin
Tania Brugnoni
Jean-Marie Haensel*
Steph Meyers
Raphael Kies
Pierre Reuter
Thierry Zeien*
Josée Hansen*
Tom Hermes
Céline Flammang, Regierungskommissärin
Marielle Sand, Verwaltungsrotssekretärin

 

(*): Staatsvertrieder:in

 

Koordinatiounsekipp:

Jean-Lou Siweck, Direkter

Patricia Weber, Sekretärin

Jean-Claude Franck, Chefredakter
Pia Oppel, Vizechefredakterin

Jamie Reinert, Responsabel Museksredaktioun
Luc Boentges, Responsabel Klassesch Museksredaktioun

Yves Stephany, Programmchef

Pascal Tesch, Responsabel vum Service Technique
Dirk Schleder, stellvertriedene Responsabel vum Service Technique

Semir Demic, Responsabel Kommunikatioun

Richard Thilmany, Responsabel Ressources Humaines


Statut rédactionnel:

Statut rédactionnel

Rapporten

expand_more

Aktivitéitsrapporten

Rapporte vum Verwaltungsrot