Franséisch Pianosmusek fir véier Hänn, tëschent Danz, Kandheet a Poesie: De rumänesche Pianist Florin Mantale an de lëtzebuergesche Pianist Romain Nosbaum entféieren an hirem Album "Dancing Waters" an impressionistesch Dramwelten.
Ze héiere si Wierker vum Gabriel Fauré, Claude Debussy, a Maurice Ravel, ënner anerem d'"Dolly Suite", d'"Petite Suite" an "Ma mère l'Oye". Vill vun de Wierker um Album si méi bekannt als Orchesterfassungen an net an der originaler Versioun fir véierhännege Piano. Mam intimen, verspillte Klang vum Florin Mantale a vum Romain Nosbaum kann een dës Wierker also nei entdecken. Och e manner bekannt Wierk steet um Programm: d'Sinfonie a Si Mineur vum Claude Debussy, vun där just ee Saz iwwerliwwert ass.
Mir dauchen an an dës verdreemte Musek, déi een einfach nëmme genéisst.