Déi zwee australesch Pianiste Stephanie McCallum an Erin Helyard presentéieren zwee Wierker aus dem 19. Joerhonnert, bei deenen déi grouss Bün direkt an de Piano erageduecht ass. Dem Ferdinand Hiller seng Operett ouni Text an dem Ignaz Moscheles seng Grande Sonate Symphonique Nr.2 a Si Mineur goufen allebéid fir véierhännege Piano geschriwwen, net fir eng Operebesetzung oder e Sinfonieorchester.
Sou gëtt dem Piano säi Potenzial voll genotzt, a gläichzäiteg gëtt eis Fantasie aktiv. Besonnesch mécht dës Opnam och, datt déi zwee Wierker op engem Érard-Piano aus dem Joer 1853 opgeholl goufen - an dat huet och e ganz bestëmmte Grond ...