Den Album “…arching, reaching, breathless” vum amerikanesche Komponist Eric Chasalow ass ënnertitelt mat “Musek fir Sträicher”– mee dat ass eng Ënnerdreiwung. Nieft renger Kammermusek fënnt een hei nämlech och elektroakustesch Musek a souguer Literatur spillt eng Roll.
Den Eric Chasalow ass bekannt dofir, live Instrumentalmusek mat elektroneschen Effekter ze kombinéieren. Op dësem Album geet hien nach e Schrëtt méi wäit: Hues du schonn emol een Cellist héieren, deen net nëmme spillt, mee gläichzäiteg e Gedicht virliest a séngt?
Dohannert stécht e Konzept, dat dem Eric Chasalow senger ganzer Aarbecht ënnerläit: hie komponéiert “aus dem Gediechtnes”. An anere Wierder, hien hëlt kulturell Aflëss vu Brahms bis zur griichescher Mythologie a verwandelt se an eppes komplett Neies.