Am Summer 2025 huet de Gustavo Gimeno säin Abschid gefeiert, no 10 Joer als Chefdirigent bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. De 15. Mee 2026 koum nach en neien Album eraus, op deem de Gustavo Gimeno mam Lëtzebuerger Orchester a mam kanadeschen Cellist Jean-Guihen Queyras ze héieren ass.
Et ass déi zweet Produktioun an där Konstellatioun an nees gouf Musek aus dem 20. Joerhonnert agespillt. Op dëser Plack si Kompositioune vu Lutoslawski a Bloch.
Et ass eng Kooperatioun, déi sech duerch melancholesch Eleganz, kloer Klangschichtung a rhythmesch Prezisioun auszeechent.