Si war déi villäicht gréisste weiblech Komponistin aus dem 19. Joerhonnert: D’Emilie Mayer huet dee gréissten Deel vun hirem Liewen zu Berlin gelieft an als Beruffskomponistin geschafft. No hirem Doud 1883 huet si en immense Repertoire u Kammermusik, Ouverturen an – als quasi eenzeg Fra an der Epoch vun der Romantik – direkt 8 Sinfonien hannerlooss.
D’Akademie für Alte Musik Berlin huet dofir elo direkt eng ganz Trilogie u Placke geplangt, fir d’Wierk vun der Emilie Mayer ze éieren a méi bekannt ze maachen. Déi éischt Plack, déi am September 2026 erauskomm ass, presentéieren d’Tanja Duprez an de Lex Kauffmann an eisem Plackespiller vun der Woch.