Nieft bekannten Nimm wéi dem Arvo Pärt, vun deem mer ënner anerem eng “Passacaglia“ fir 2 Geien, Vibraphon a Sträicher um Album erëmfannen, stinn och aner baltesch Komponisten am Mëttelpunkt. Dem Georgs Pelēcis säi Wierk "Pages of a Biography" gëtt dem Album net nëmme säin Numm, mee mécht e musikalesche Réckbléck op dem Gidon Kremer seng prächteg Karriär, dëst ënner anerem mat musikaleschen Zitater aus de Geieconcertoe vum Sibelius, Elgar, Brahms a Beethoven. Mam Begrëff vun der Zäit an hirem onendleche Weiderlafe beschäftegt sech dann de litauesche Pianist a Komponist Andrius Žlabys a sengem Wierk "Kaleidoscope of Lost Time".
3 Komponisten, déi de Kremer op sengem Wee begleet hunn a säi Liewe bis haut matgepräägt hunn.