Den éischte Soloalbum vum hollännesche Pianist Mattias Spee heescht Insomnia. Hien hëlt eis mat op eng Rees duerch seng schloflos Nuechten. D'Stécker komponéiert hie wärend sengem Studium zu Salzburg, eng Zäit déi hie mat vill Stress, Onsécherheeten an ebe Schloflosegkeet verbënnt. Mee de Mattias Spee gesäit dat mëttlerweil mat enger batterséisser Nostalgie wann hien net schlofe kann. Insomnia ass elo en Deel vu sengem Liewen an huet hien als Kënschtler immens beräichert. D'Resultat: en Album tëschent Impressionismus, zäitgenëssescher Musek an Jazz.
Aus schloflosen Nuechten entsteet en Album
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Mattias Spee - Insomnia (Foto: Challenge Classics)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Aus schloflosen Nuechten entsteet en Album
De jonken hollännesche Pianist Mattias Spee war säit der Kandheet mat Schloflosegkeet geplot. Elo notzt hien déi roueg Stonne vun der Nuecht fir ze komponéieren.
Den Zauber vum Onbekannten
Den Trio E.T.A. mat Wierker vu bekannten an onbekannte Komponisten
Poetesch Dramwelte fir véierhännege Piano
De Florin Mantale an de Romain Nosbaum entféieren an hirem Album "Dancing Waters" an impressionistesch Dramwelte vun Debussy, Fauré a Ravel.
Johannes Brahms: Klavierstücke
Den ungaresche Pianist András Schiff spillt melancholesch Spéitwierker fir Piano.
Eng Trilogie ronderëm d’Emilie Mayer
D’Akademie für Alte Musik Berlin huet eng Trilogie u Placke geplangt, fir d’Wierk vun der Emilie Mayer ze éieren a méi bekannt ze maachen.
Philharmonix - Sandbox Vol.5
Mat dësem Album geet et zeréck an déi eege Kandheet! Philharmonix - Museker vun de Wiener a Berliner Philharmoniker - bidden Ënnerhalung mat kreativen Arrangementer.
Eng Sinfonie an eng Operett um Piano?
D'Stephanie McCallum an den Erin Helyard presentéieren zwee Wierker aus dem 19. Joerhonnert, bei deenen déi grouss Bün direkt an de Piano fir véier Hänn erageduecht ass.
Louis Couperin: "Préludes non mesurés" - eng kontrolléiert Improvisatioun
Den neien Album vum franséische Pianist Denis Levaillant feiert de 400. Gebuertsdag vum Louis Couperin mat enger Opnam um Piano vu senge "Préludes non mesurés".
Eng Zäitkapsel op Paräis aus der Siicht vun der Braatsch
Den Album "alto appassionato" vum Timothy Ridout a Jonathan Ware entféiert op Paräis ëm 1900.
Sinfonien 1 an 2 vum Adolf Reichel
Politesch radikal, musikalesch éischter traditionell - esou war de Schwäizer Komponist aus dem 19. Joerhonnert, den Adolf Reichel.
Begéinungen tëschent Himmel an Äerd: "Encounter"
Den Arethusa Quartet an de Chen Halevi interpretéieren zwee Wierker vun den zäitgenëssesche Komponisten Osvaldo Golijov a Pēteris Vasks.
Aus al maach nei – Musek aus dem Gediechtnes
Den amerikanesche Komponist Eric Chasalow verschafft verschiddenst musikalesch a literaresch Aflëss zu eppes komplett Neiem.
Lutoslawski a Bloch
Nach ee leschten Album mam Gustavo Gimeno an de Lëtzebuerger Philharmoniker?
Assassin's Creed - Nicolas Horvath
Eng auditiv Geschichtsstonn, emotional Rees an de Beweis, datt Videospillmusek eng méi grouss Daseinsberechtegung huet. Eou d'Beschreiwung vum neiste Plackespiller.
Wien ass de Lambert? De mysteriéise Pianist mat der Mask ass zeréck!
Den däitsche Pianist Lambert ass bekannt dofir onbekannt ze sinn. Bei senge Concerten huet hien ëmmer eng sardesch Stéiermask un. Mee firwat eigentlech?
Eng Rees vun der Harmonie an de Wansinn
Den Debutalbum vun der russesch-norwegescher Pianistin Anastasiya Bazhenova ass een Album mat engem staarke psychologesche Konzept.
Eng Musek, déi 1.000 Geschichten erzielt
Op sengem Debutalbum “Alla Reminiscenza” spillt dee jonke Pianist Ivan Moshuk Pianosmelodië vum Medtner a Rachmaninoff a gëtt zum groussen Erzieler.
7 Sträichquartetter, 7 Komponisten, eng Missioun
De Seikilos Quartet huet spuenesch Quartetter aus den 1920er, 30 a 50er Joren opgeholl, fir der vergiessener Museksliteratur Visibilitéit ze ginn.
Loosst eis einfach dreemen ...
Op sengem neisten Album weist de jonke lettesche Pianist, datt hien en ofwiesslungsräiche Kënschtler ass, dee Chopin a Rachmaninoff vermësche kann.