Déi russesch-norwegesch Pianistin Anastasiya Bazhenova presentéiert mat "From Mendelssohn to Madness" hiren Debutalbum - an dat direkt als duerchduechte Konzeptalbum. Um Programm sti sechs "Lieder ohne Worte" an eng Fantasie vum Felix Mendelssohn Bartholdy, esouwéi eng Pianossonat vum Sergei Prokofjew. Zesummen erzielen déi dräi Wierker d'Geschicht vun enger Rees, déi vun der Harmonie an de Wansinn iwwergeet.
Den Ausgangspunkt sinn dem Mendelssohn seng "Lieder," an deenen d'Welt vu Kloerheet a Balance gepräägt ass. Mee an der Fantasie a Fa dièse Mineur fänkt dës Harmonie u mat bréckelen an ee Gefill vu Spannung schläicht sech eran. Beim Prokofjew senger sechster Pianossonat héiere mir schliisslech eng zerrasse Welt, déi vun emotionalen Extreemer gekennzeechent ass.
Der Anastasiya Bazhenova hiren intime Klang hëlt eis mat op dës Rees iwwer eng Sich no engem Sënn an enger Welt, déi net méi zesummenhält. Lassgeléist vun historesche Kontexter fillt sech dës Rees erschreckend vertraut un.