Méi wéi 50 Millioune Leit aus iwwer 150 Länner verfollegen all Joers de musikalesche Start an dat neit Joer mam Wiener Neijoerschconcert aus dem gëllene Sall vum Musikverein. Nodeems den 1. Januar 2026 nom Concert dann och de Nofollger um Pult bekannt gi gouf, steet elo och den offizielle Programm vum Concert fest. Spille wäerten traditionell d'Wiener Philharmoniker, dëst Joer ënner der Leedung vum 49 Joer alen Dirigent an Neijoerschconcerts-Debutant Tugan Sokhiev. Hien ass Chefdirigent vum Orchestre de la Suisse Romande an zukünftege Museksdirekter ab 2028/29 vum Sinfonieorchester zu Tokio. Dës nei Tâche gouf eréischt virun e puer Deeg bekannt ginn. Ee flotte Surplus vun dësem Concert ass nees d'Presenz vun engem Chouer beim Wiener Neijoerschconcert. Fir déi zweete Kéier stinn d'Wiener Chormädchen op der grousser Bün. Dobäi kommen Dänzer:innen vum Wiener Staatsballet. Musikalesch geet et wéi gewinnt an d'Wierker, jo scho Klassiker vum Josef Strauss a Johann Strauss. E puer Wierker sinn iwwerdeems och fir eng éischte Kéier am Kader vum Wiener Neijoerschconcert ze héieren. Dozou zielen dem Philippe Fahrbach Jr. säin "Storchschnäbel", Op. 149, dem Eduard Strauss seng Polka "Saat und Ernte", Op. 159. Nodeems een zënter zwee Joer och aktiv dorop oppasst, Komponistinnen ze programméieren, huet een sech dës Kéier fir d'Cécile Cheminade an hir Ballets-Aire aus "Callirhoë", Op. 37 entscheet. D'Joer 2027 ass iwwregens d'Josef-Strauss-Joer an der Klassik, deen nämlech 1827 virun 200 Joer op d'Welt kënnt. Den Opus iwwerdréit den Neijoerschconcert 2027 och live op der Antenn op DAB+, iwwer d'Opus 100,7 App an de Webstream ënner www.opus.radio. De komplette Programm kënnt dir ënnert www.wienerphilharmoniker.at noliesen.
De Programm vum Wiener Neijoerschconcert 2027 steet fest!
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Wiener Philharmoniker 2026 (Foto: Julia Wesely)
mic_none
Presentéiert vum
- Lex Kauffmann
Episoden
Dat sinn d'ICMA Nominatiounen 2027
Zënter 2011 sinn d'International Classic Music Awards d'Aushängeschëld fir déi beschte Kënschtler:innen, jonk Talenter, Labels an Éierepräisdréier auszezeechnen.
De Programm vum Wiener Neijoerschconcert 2027 steet fest!
Datt den Dirigent Tugan Sokhiev de Wiener Neijoerschconcert dirigéiert, stoung um 1. Januar 2026 fest. Elo ass och den offizielle Programm eraus an et gëtt eng Iwwerraschung!
Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon
1846 bréngt den Adolphe Sax frësche Wand an och Sound an d'Musek. Joerzéngten no sengem Succès muss hien awer Faillite umellen. Wéi koum et dozou?
Dirigent Herbert Blomstedt am Alter vun 99 Joer gestuerwen
Den Herbert Blomstedt ass dout. Dat deelt de Gewandhausorchester gëschter Owend an engem Social-Media-Post mat. De Gewandhauskapellmeister an Éierendirigent ass 99 Joer al ginn.
Virun 150 Joer - Uropféierung vum Brahms senger 1. Sinfonie
„Wenn man es wagt, nach Beethoven Sinfonien zu schreiben, so müssen sie ganz anders aussehen."
Vincenzo Bellini - de Meeschter vu laange Melodien
D'Oper "muss duerch Gesang beréieren, erféieren a stierwe loossen" - sou versteet de Vincenzo Bellini seng Musek an déi am 19. Joerhonnert.
Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer
“Ich kann keine Kompromisse machen, weil es so wichtig ist für den Klang und die Einheit dieses wunderbaren Stückes”
Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn
Haut ass de Stéchdatum fir d'Aschreiwunge vun den Auditiounen zu Lëtzebuerg am Kader vum European Union Youth Orchestra, deen op der Sich no neie Museker:innen ass.
Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026
Den 22 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi ass am In- an Ausland a verschiddenen Ensembelen an Orchesteren ënnerwee an huet och well 2 Albumproduktiounen erausbruecht.
En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston
De Boston Symphony Orchestra huet ënner der Leedung vum Kent Nagano en neit Wierk vum amerikanesche Komponist Tod Machover uropgefouert, wou och eng KI eng Roll spillt.
Geet den Trend nees Richtung CDen?
Aktuell Zuele vun der Recording Industry Association of America (RIAA) weisen - d'CDen an aner physesch Toundréier klammen a punkto Verkafszuelen. Mee bleift et just beim Trend?
Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin
An der Saison 2027/28 gëtt et eng éischte Kéier d'Méiglechkeet, mam Stardirigent Yannick Nézet-Séguin déi eegen Dirigentekarriär ze pushen. Mee wat stécht hanner dëser Initiativ?
Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27
De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ schafft an der neier Saison fir zwee Projete mat zwee bekannte Solisten zesummen a sicht elo nach no passendem Renfort an de Reie vum Orchester.
80. Editioun vum Concours de Genève
Zënter 1939 ginn sech jonk Talenter um Concours de Genève d'Klensch an de Grapp an trieden an 8 Disziplinnen ofwiesselnd un. Dëst Joer an der Direktioun a Kompositioun.
Aus INECC gëtt Sanghaus
Den Institut européen de chant choral Luxembourg, kuerz INECC, gëtt sech elo no 34 Joer zënter der Grënnung een neien Numm. "Sanghaus" soll elo de Gesang zu Lëtzebuerg fërderen.
Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper
Eis däitsch Nopere schénge mat Concertshaiser net vill Chance ze hunn. No Hamburg verrechent een sech 9 Joer méi spéit och mat der Kölner Oper. De Look ass allerdéngs imposant!
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026
Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein
Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026
Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.