Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Hutt dir schonn eemol vum Prix Mameranus héieren?

Zënter den 1990er Joren ass dëst eng national Auszeechnung vun der Gemeng Mamer an der Stëftung fir jonk Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg, déi sech op de Nowuess an der Kulturzeen fokusséiert. Benannt ass de Präis nom Nicolaus Mameranus, Lëtzebuerger Historiker a Renaissance-Humanist.

Dëst Joer, fir d’Editioun 2026, ass dann elo och bekannt, wien de Mameranus-Präis entgéint huelen dierf: den Daniel Migliosi. Hien ass 22 Joer jonk an am In- souwéi dem Ausland als Trompettist ënnerwee.

Zu Esch huet fir hie seng Karriär am Conservatoire mat Harmonie, klassescher Trompett a Batterie mat 8 Joer ugefaangen. Spéider geet et fir den dräifache Golddréier vum Concours Jeunes Solistes un d’Kölner Héichschoul fir Musek an Danz a mat Jazz-Trompett virun.

Den Numm Daniel Migliosi huet een dann och schonn op de grousse Bünen héieren. Mer erënneren eis un de Kinnekswiss Loves Concert am Juli 2025. Mee och bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, der Militärmusek a bei Big Bands wéi zum Beispill der Bigband vum West Deutschen Rundfunk war hie schonn dobäi. Aktuell ass den Daniel Migliosi Member vum “Orchestre National de Jazz France” an dem Bundesjazzorchester.

Elo steet dann een Albumrelease d’nächst Joer un, dat no sengem Debüt 2022 an och 2024.

De Prix Mameranus gëtt den 12. November dëst Joer um aacht Auer Owes am Festsall vum Mamer Schlass iwwerreecht. Do spillt den Daniel Migliosi dann och ee Concert. Umelle kann een sech nach bis den 9. November. Méi Infoen ënner www.mamer.lu

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn | © Pexels

Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn

Haut ass de Stéchdatum fir d'Aschreiwunge vun den Auditiounen zu Lëtzebuerg am Kader vum European Union Youth Orchestra, deen op der Sich no neie Museker:innen ass.
headphones

2 min

play_arrow
Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026 | © Quell: www.danielmigliosi.com/gallery

Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026

Den 22 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi ass am In- an Ausland a verschiddenen Ensembelen an Orchesteren ënnerwee an huet och well 2 Albumproduktiounen erausbruecht.
headphones

3 min

play_arrow
En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston | © Natalia Tsarkova

En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston

De Boston Symphony Orchestra huet ënner der Leedung vum Kent Nagano en neit Wierk vum amerikanesche Komponist Tod Machover uropgefouert, wou och eng KI eng Roll spillt.
headphones

3 min

play_arrow
Geet den Trend nees Richtung CDen? | © Pexels

Geet den Trend nees Richtung CDen?

Aktuell Zuele vun der Recording Industry Association of America (RIAA) weisen - d'CDen an aner physesch Toundréier klammen a punkto Verkafszuelen. Mee bleift et just beim Trend?
headphones

4 min

play_arrow
Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin | © George Etheredge

Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin

An der Saison 2027/28 gëtt et eng éischte Kéier d'Méiglechkeet, mam Stardirigent Yannick Nézet-Séguin déi eegen Dirigentekarriär ze pushen. Mee wat stécht hanner dëser Initiativ?
headphones

2 min

play_arrow
Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27 | © Alexander Gavrylyuk (©Marco Borggreve) / Johannes Moser (©Simon Heydorn)

Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27

De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ schafft an der neier Saison fir zwee Projete mat zwee bekannte Solisten zesummen a sicht elo nach no passendem Renfort an de Reie vum Orchester.
headphones

3 min

play_arrow
80. Editioun vum Concours de Genève | © Pexels

80. Editioun vum Concours de Genève

Zënter 1939 ginn sech jonk Talenter um Concours de Genève d'Klensch an de Grapp an trieden an 8 Disziplinnen ofwiesselnd un. Dëst Joer an der Direktioun a Kompositioun.
headphones

3 min

play_arrow
Aus INECC gëtt Sanghaus | © Quell: www.sanghaus.lu

Aus INECC gëtt Sanghaus

Den Institut européen de chant choral Luxembourg, kuerz INECC, gëtt sech elo no 34 Joer zënter der Grënnung een neien Numm. "Sanghaus" soll elo de Gesang zu Lëtzebuerg fërderen.
headphones

5 min

play_arrow
Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper | © Jann Höfer

Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper

Eis däitsch Nopere schénge mat Concertshaiser net vill Chance ze hunn. No Hamburg verrechent een sech 9 Joer méi spéit och mat der Kölner Oper. De Look ass allerdéngs imposant!
headphones

2 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026 | © Quell: Ministère de la Culture

D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026

Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
headphones

2 min

play_arrow
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein | © Paul de Hueck, courtesy the Leonard Bernstein Office, Inc

Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein

Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
headphones

4 min

play_arrow
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026 | © Gregor Hohenberg / Guido Adler / Deutsche Grammophon

Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026

Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.
headphones

3 min

play_arrow
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper | © Pixabay

MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper

En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
headphones

2 min

play_arrow
Uropféierung vun der Catherine Kontz | © Patty Zavala / Unsplash

Uropféierung vun der Catherine Kontz

Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
headphones

2 min

play_arrow
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al | © FindVej NoPic

D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al

Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
headphones

1 min

play_arrow
Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach | © Pexels

Museksdepartement un der Uni Nottingham gëtt no iwwer 100 Joer zougemaach

Wat dëst elo genee fir d’Enseignantë bedeit a wéi vill Leit vun dëser Fermeture betraff sinn, ass nach net kloer. D’Uni hält sech fir den Ament mat weideren Detailer bedeckt.
headphones

2 min

play_arrow
Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen | © Pexels

Diskrepanz an den europäesche Concertsprogrammatiounen

Eng nei Etude bestätegt: Komponistinne sinn a bleiwen aktuell eng Raritéit op ville Concertsprogrammen.
headphones

3 min

play_arrow
Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert | © Quell: Instagram /aussiesinbordeaux & classicfm

Vum Teleskop-Kran aus den Orchester dirigéiert

Fir ee besonneschen Optakt huet de jonken Dirigent Kyrian Friedenberg viru ronn 20.000 Leit zu Bordeaux gesuergt. Hien huet vun engem Teleskop-Kran aus dirigéiert ...
headphones

3 min

play_arrow
Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer | © Pexels

Dat gëtt deier - Berliner Philharmonie mat Problemer

Zënter 1963 steet zu Berlin déi bekannte Philharmonie net wäit vum Potsdamer Platz. Mee no iwwer 60 Joer ginn et dann och vill Problemer, déi dréngend behuewe musse ginn ...
headphones

2 min

play_arrow
Elbphilharmonie setzt op Influencer | © Christoph Hertel

Elbphilharmonie setzt op Influencer

Fir d’Saison 2026/27 an domat den 10. Jubiläum schafft d’Elbphilharmonie zu Hamburg elo mat 3 Influencer zesummen.
headphones

2 min

play_arrow