De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ huet mat Succès Enn Juli dëst Joer seng Tournée duerch dräi verschidde Länner kënnen ofschléissen.
All Joers setzt den Orchester sech ënner der Leedung vum Dirigent Pit Brosius den Challenge, ee Programm mat jonken Talenter ze realiséieren. An engem Schreiwes presentéiert den ONJ dann elo zwee grouss Projete fir déi kommend Saison 2027 - eemol de Fréijoersprojet Enn Mäerz bis Ufank Abrëll an de Summerprojet vu Mëtt Juli bis Ufank August. An dofir schafft ee mam Solist a Pianist Alexander Gavrylyuk, wéi och dem Cellist Johannes Moser zesummen.
Den Alexander Gavrylyuk ass net nëmme Präisdréier vum Horowitz-Pianosconcours oder der Arthur Rubinstein International Competition. Hien ass och reegelméisseg mat groussen Orchestere wéi de Wiener Philharmoniker, dem New York oder Los Angeles Philharmonic a bei de BBC Proms ënnerwee.
Den Cellist Johannes Moser huet och scho mat grousse Formatiounen zesummegeschafft an zwee Mol den Echo Klassik kënnen ofraumen. An hie war och beim alleréischte Projet fir den ONJ am Asaz.
Nei ass, datt déi Jonk, déi sech fir den ONJ melle wëllen, elo net méi per Video, mee live virspille kënnen. D’Umeldunge lafe vun elo un nach bis den 1. Dezember 2026.
Den 12. An 13. Dezember sinn dann am Stater Conservatoire d’Auditiounen. Ee Virdeel ass, datt wann een duerch déi Live-Auditioun ugeholl gëtt, direkt zwee Joer am Orchester matwierke kann. Duebel Freed an Erfarung sammelen also fir quasi dee gläichen Opwand! D’Resultater ginn dann Enn Januar bekannt ginn.
Dir hutt nach Froen? Ënner www.onj.lu fannt dir alles un Informatiounen.