Onstëmmegkeete wann et drëms geet, eng Decisioun ze huelen: Dat hu mer schonn alleguerten eemol erlieft. Deen ee fënnt dat do gutt, deen anere kritiséiert et am gläichen Otemzuch. An Diskussioune sinn och wichteg!
Mee heiansdo kënnt een dann egal wéi een sech dru gëtt, net op ee gemeinsamen Nenner. An déi Erfarung hunn elo och d’Berliner Philharmoniker an den Dirigent Iván Fischer gemaach, déi fir hiren eigentlech zesumme geplangte Concert Ufank November getrennte Weeër ginn.
Bei de Concerte vum 5., 6. a 7. November wäert den ungareschen Dirigent nämlech net um Pult stoen, fir dem Haydn seng Sinfonia concertante am dem Mahler seng Fënneft ze dirigéieren. An genau déi soll de Grond sinn!
D’Sëtzuerdnung am Orchester soll dem Iván Fischer net gefalen - hien hätt proposéiert d’Kontrabäss an der Mëtt hanner den Holzbléiser ze placéieren, esou wéi et och scho fir ee Concert am Joer 2022 gemaach gouf. Déi Opstellung hätt den Orchester awer ofgeleent. Si hätt een ze groussen Afloss op de Klang am Sall an och de Bléckkontakt tëschent de Museker:innen kéint esou net adequat garantéiert ginn.
D’Konsequenz: den Iván Fischer wäert de Concert opgrond vun dëser Decisioun net dirigéieren. Ersat gëtt hien duerch den Andrés Orozco-Estrada, Dirigent aus Kolumbien.
D’Berliner Philharmonie preziséiert an engem offizielle Schreiwes, si géifen “die Position des jeweils anderen” respektéieren.
Den Iván Fischer schreift op Social Media “Ich kann keine Kompromisse machen, weil es so wichtig ist für den Klang und die Einheit dieses wunderbaren Stückes”.