Fir eng Nei-Inzenéierung vum Wolfgang Amadeus Mozart senger Oper "Cosi fan tutte" huet d'New Yorker Metropolitan Opera zu New York ee besonnesche Casting organiséiert. Et war een nämlech op der Sich no enger Schlaang!
D'Kënschtlerin Zoe Ziegfield soll am Wierk als Schlaangekënschtlerin wierken an dobäi eeben och dat entspriechend Déier ëm den Hals hänken hunn. Mee et kann ee sech virstellen, datt do net all Déier stallhält an dee Spaass matmécht. Deementspriechend gouf ee ganz besonnesche Casting organiséiert. A vun alle Kandidature gouf déi giel-orange Boa "Princess" zeréckbehalen.
Wichteg wier beim Choix gewiescht, datt d'Déier selwer sech an der Zeen wuelfillt an och positiv op Mënsche reagéiert. Mee och eng Zweetbesetzung gouf ausgewielt. Hei huet een sech fir déi méi kleng brong Boa mam Numm "Nala" entscheet.