Am Summer hunn d’KI-Biller bei de Bayreuther Festspiele fir Opreegung gesuergt. D’Produktiounsteam gouf ausgepaff, wärend d’Museker gefeiert goufen. Elo gëtt et am Beräich Kënschtlech Intelligenz a klassesch Musek een neit Experiment – aus Boston. Dës Kéier produzéiert d’KI allerdéngs keng Bünebiller, mee si mëscht direkt bei der Musek mat.
Den 22. Oktober huet de Boston Symphony Orchestra ënner der Leedung vum Kent Nagano en neit Wierk vum amerikanesche Komponist Tod Machover uropgefouert. D'Stéck heescht “already and not yet” an et war Deel vun der Initiativ “Technology & Our Humanity”, mat där den Orchester d’Verhältnis vun Technik, Kreativitéit a Mënschsinn ënnersicht.
Mat dobäi: e KI-System aus dem MIT Media Lab. Dëse System gräift dat wat live gespillt gëtt op a wandelt eenzel Stëmmen, Bou- oder Otemgeräischer an elektronesch Kläng ëm. Déi Kläng kommen dann iwwer Lautsprecher zeréck an de Sall. Den Entwéckler Manaswi Mishra steiert de System live an d’Museker kënnen och op déi elektronesch Kläng reagéieren.
Wéi ass dat ukomm? Majo net jidderee schéngt begeeschtert ze sinn. Ee Kritiker huet geschriwwen, datt e vu senger Plaz kaum héiere konnt, wat d’KI bäigedroen hätt, an datt d’Leit méi haart applaudéiert hätte fir d’Museker an de Komponist wéi fir d’Stéck selwer. Een anere Kritiker beschreift dogéint plazeweis androcksvoll Klangwelten, mee och elektronesch Effekter déi éischter oflenken.
Dobäi wënscht sech de Komponist Tod Machover, datt een d’Technik beim Nolauschteren iergendwann vergësst an einfach der Musek follegt. Ob him dat geléngt, doriwwer ginn déi éischt Kritiken auserneen.