An den 1950er Jore gouf de Projet vun der Kölner Oper Realitéit. Opgrond vum Alter huet dunn ab 2012 d’Gebai eemol grondleeënd sanéiert misse ginn. Séier ass aus dem Milliouneprojet awer ee Milliardeprojet ginn, fir deen sech de Kölner Buergermeeschter elo souguer entschëllegt huet. “Demut angesichts des Zeitplans und der Kosten”, sou den Torsten Burmester.
1,5 Milliarden Euro sti schlussendlech op der Rechnung, no 14 Joer iwwer déi sech d’Sanéierung gezunn huet. A villen däitsche Medien ass vun engem “Bauchaos” oder “Desaster” riets.
De 27. September gouf mat der Inzenéierung vum Richard Strauss sengem “Rosenkavalier” d’Reouverture gefeiert. Mee ganz esou “roseg” an zefridde kann een awer weiderhin net sinn.
Hanner der Bün funktionéiert villes net. Als Grënn ginn dacks Problemer mat de Systemer, der Software oder dem techneschen Ekipement genannt. De Problem ass sou grouss, datt beispillsweis d’Premiere vum Wierk “Hoffmanns Erzählungen” vum Jacques Offenbach, geplangt fir den 28. November, net an der aktueller Inzenéierung gewise ka ginn.
Zu de genaue Problemer hält sech d’Kölner Oper laang vag a bedeckt, mee d’Politik mécht deemno elo awer Drock.