D'Editioun 2026 vum Festival International des Arts de Bordeaux Métropole gouf mat enger aussergewéinlecher Performance vum Maurice Ravel sengem Bolero lancéiert.
Den amerikanesch-kanadeschen Dirigent Kyrian Friedenberg huet den Orchestre National vu Bordeaux mat der Opéra Pagaï dirigéiert an dofir d'Dirigentepult kuerzerhand mol e puer Meter iwwer de Käpp vum Publikum erop gefuer. Op engem Teleskop-Kran, deen een dacks op Chantieren oder fir Botzaarbechten u Fassade gesäit, huet de Kyrian Friedenberg iwwer de Käpp vun 20.000 Visiteuren dem Ravel säi Boléro op spektakulär Art a Weis interpretéiert.
Och d'Musekerinnen an d'Museker souzen net wéi gewinnt am typeschen Orchester-Hallefkrees, mee op Terrassen, Balconen oder souguer Autoen verdeelt.
Op Social Media ass dëse Moment als Video festgehale ginn an dierft de Leit wéi och dem Dirigent sécherlech nach laang an Erënnerung bleiwen.