"D'Musikalesch Ausbildung vu jonke Mënsche läit mer um Häerz!"
Leopold Hager ass ee vun de ganz groussen Nimm an der internationaler Dirigentenzeen. Vun 1981 u war den éisträichesche Museker 15 Joer laang de Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deemools RTL Sinfonieorchester. De Leopold Hager ass zu Salzburg doheem an huet och de Mozarteumorchester tëschent de Joren 1969 an 1981 geleet.
Mee der Orchesterakademie, déi zum Musikum zu Salzburg gehéiert an déi Jugendlecher ënnerstëtzt an ausbilt, goung et zënter Méint finanziell net gutt. Wéinst ëffentleche Budgeten déi mat der Zäit ëmmer méi knapp goufen, stoung dofir elo d'Zukunft am Ongewëssen.
Duerch eng privat Spend vum Leopold Hager mat ronn 500.000 Euro kann d'Orchesterakademie Salzburg awer elo nees opootmen a weider funktionéieren. Mat ronn 14.000 Schüler:innen ass dat gesamt Musikum Salzburg a ronn 15 Plaze wou enseignéiert gëtt ee wichtegen Dréipunkt fir d'Klassikzeen an Éisträich.