Den Who is who aus der Klassik gëtt sech zënter iwwer 140 Joer schonn d'Klensch an de Grapp an der Metropolitan Opera zu New York. Haut op den Dag genee sinn et 60 Joer hier, datt d’Met Opera geplënnert ass. Vum Broadway an de Lincoln Center. An dat mat enger fir déi Zäit wansinneger Technik. Déi gouf dann och, wéi dat sech fir ee Concertshaus gehéiert, feierlech ageweit. An keen anere wéi de Samuel Barber huet déi éischt Kompositioun, extra fir d’Haus geschriwwen, uropgefouert. De Start viru 60 Joer war awer méi wéi holpreg ...
Dobäi waren d’Musek vum Barber an de Libretto, deen ursprénglech vum William Shakespeare kënnt, net de Problem. D’Musek war einfach gehalen, vun der Handlung gekierzt an awer am Original gehalen. Villméi war et de Franco Zeffirelli, Regisseur a Bünebildner vum Wierk, deen zimmlech iwwerdriwwen hat.
Ugefaange mat der fuerchtbar iwwerdriwwener Inszenéierung. Oder hutt dir scho mol 30 Solopartien, 100 Chouersänger, 200 Statisten op der Bün, knapp 50 Dänzerinnen an Dänzer a lieweg Déiere wéi Päerd, Geessen a Kaméilen op enger Bün erlieft? A jo, dat war och de Leit am Public 1966 e bëssen "too much". Och d’Techniker goufen direkt an d’kaalt Waasser geheit, sou datt Villes einfach net funktionéiert huet. Dat goung sou wäit, datt eng Duerstellerin an enger Zeen sech net méi aus enger ongënschteger Kuliss befreie konnt.
An och op d’Musek konnt een sech sou beim beschte Wëllen net méi konzentréieren, esou d’Kritiken déi een nach haut deelweis liese kann. D’New York Times huet et “Meilenstein an Geschmackslosigkeit” an de Barber als “unschuldiges Opfer des Gesamtdesasters” betitelt. Deen huet dunn esouguer aus Frust fënnef Joer näischt méi komponéiert.