De Lëtzebuerger Operestudio Sequenda presentéiert den 11. September seng nei Produktioun: dem Giacomo Puccini seng eenzeg reng komesch Oper, "Gianni Schicchi". D’Regie féiert den Daniele Piscopo, d'Sänger a Sängerinne si jonk, opstriewend Talenter aus der internationaler Operenzeen.
D'Handlung vun Gianni Schicchi baséiert op engem Episod aus dem Dante senger "Divina Commedia". Dofir gëtt d'Opféierung mat engem Virtrag vum Rick Serrano iwwer den Dante an "La Divina Commedia" ageleet.
Sequenda ass den éischte Lëtzebuerger Operestudio. D'Institutioun gouf 2008 vun der Mezzosopranistin Luisa Mauro gegrënnt a setzt sech säitdeem fir d'Fërderung vu jonken Operentalenter op europäeschem Niveau an. Konkret bitt Sequenda dräi Programmer un: eng Summerakademie, Masterclassen, an den Opera Studio, wou zënter 2012 eege Produktioune realiséiert ginn – ënner der musikalescher Leedung vum Umberto Finazzi.
D'Virstellung vun “Gianni Schicchi” ass den 11. September um 16 an 19 Auer am Auditoire vun der Intesa Sanpaolo zu Gaasperech.
Weider Informatiounen zu Sequenda an hirer neister Produktioun sinn ze fannen op www.sequenda.lu.