War et schonn ëmmer een Dram vun ärem Kand op enger grousser Bün viru groussem Publikum dierfen ze sangen? Da kéint dësen Dram elo Realitéit ginn. De weltberüümte Geiist an Dirigent André Rieu sicht no engem jonken Talent fir säi Chrëschtdagsconcert a senger Heemechtsstad Maastricht.
Wann äre Jong oder äert Meedchen tëschent 4 an 8 Joer al ass, eng gutt Stëmm huet, a keng Angscht virun engem grousse Publikum huet, ass dat hei natierlech eng perfekt Geleeënheet. Zesumme mam André Rieu an dem Johann Strauss Orchester dierf äert Kand dann de Chrëschtdagsklassiker “Mary’s Boy Child” live op der Bün sangen. An et gëtt een direkt an d’kaalt Waasser geheit wat Bünenerfarung sammelen ugeet. D’Concerte sinn den 11., 12., 13., 18., 19. an 20. Dezember 2026. Mee keng Angscht: Virum grousse Schrëtt op d'Bün stinn natierlech nach gemeinsam Prouwe mam André Rieu a sengem Orchester um Programm.
D'Gewënnerfamill muss sech dobäi ëm näischt këmmeren: Flich, Logement an déi komplett Versuergung fir den Openthalt zu Maastricht gi vum Organisatiounsteam iwwerholl. Umelle kennt dir iech bis den 13. September iwwer déi offiziell Websäit vum Museker André Rieu.