Haut, den 3. September 2026, ass de 45. Gebuertsdag vum Gautier Capuçon. De franséischen Cellist ass zu Chambéry gebuer a gehéiert haut zu de renomméiertste Solisten vun der Klassikzeen. Ënner anerem ass hie bekannt als klenge Brudder vum Renaud Capuçon, mat deem hien och reegelméisseg optrëtt.
A Frankräich ass hien awer och längst ausserhalb vun der Klassikwelt bekannt: Säit 2014 sëtzt de Gautier Capucon an der Jury vun der Fernseh-Show “Prodiges” op France 2. An eng Radiosverbindung huet en och, well vun 2019 bis 2025 huet hien seng éige Sendung op Radio Classique moderéiert. A säin Album “Sensations” vun 2022 huet et als éischt klassesch Opnam iwwerhaapt un d’Spëtzt vun de genreiwwergräifende franséischen Charts gepackt.
Aktuell ass de Gautier Capucon virun allem mat sengem éigene Festival ënnerwee, “Un Été en France”, deen e matzen an der Pandemie gegrënnt hat. An dësem Summer, an der 7. Ausgab, huet hien eng Tournée mat Gratis-Concerten duerch Frankräich gemaach.
Mee och op Lëtzebuerg huet den Cellist Verbindungen – net nëmme spillt hie reegelméisseg Concerten hei am Land, mee hien huet eng CD opgeholl zesumme mam Arthur Stockel, dem Solo-Klarinettist vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. “Les saisons de la liberté” ass elo am Mee erauskomm, an dorop ze héiere sinn nei Kompositioune vum franséische Komponist Karol Beffa. Mat dobäi sinn och d’Flüttistin Mathilde Calderini an den Erzieler Mathieu Laine.