De Moselmusikfestival gëtt et elo scho méi wéi 40 Joer. 1985 ass en an d’Liewe geruff ginn an zënterhier wiisst de Programm Concert fir Concert. Nieft eenzelne Concerten a klenger bis mëttlerer Besetzung ginn och Concertsreien ugebueden - dat mat och 3 Concerten zu Lëtzebuerg.
Dëst Joer rifft de Lëtzebuerger Klarinettist Arthur Stockel zum Beispill an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen seng "Friends" beieneen, wéi se am Concertsprogramm beschriwwe sinn: d’Hanna Salzenstein um Cello an de Manuel Veillard um Piano. Si proposéieren de 24. September um aacht Auer Wierker vum Johannes Brahms. Et sinn ausschliisslech Wierker fir Klarinett. Op CD sollen dës Wierker och erauskommen, mee um Live-Concert kënnt dir scho virun all deenen aneren d’Interpretatioun héieren. An do weist sech ee spéide Brahms. Et si Wierker, déi fir de Richard Mühlfeld komponéiert goufen, hie war an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert den erfollegräichste Klarinettist an Däitschland.
Och den Duo Basili Kosovinc ass dëst Joer um Moselmusikfestival dobäi. D’Geschwëster Cristina an den Timtej Kosovinc um Cello an der Gittar spillen ee kammermusikalesche Concert mat atmosphäresche Kläng, déi heefeg vum Timotej selwer kommen, deen nämlech och vill komponéiert. Wien fir klassesch an zäitgenëssesch Wierker oppen ass, dee kann dësen international renomméierten Duo, mat villen Auszeechnunge gekréint, de 25. September um aacht Auer an d’Kräizkapell Gréiwemaacher kucken a lauschtere goen.
An der Museksschoul zu Gréiwemaacher ass dann dëse Sonndeg um 17 Auer eng méi lass. D’Pianistin Anne-Rose Terebesi hëlt een an hire Programm “Quasi una fantasia” mat, wou poetesch Gedanke verschafft ginn, déi plëtzlech Stëmmungswiessel verspriechen. Si spillt Wierker vu Skrjabin, Chopin a Schumann, nämlech d’Fantasie-Sonat, d’Fantasie-Polonaise an d’Fantasie Op. 17.