Et ass den 2. September 1912. D'Leit an der Londoner Queen's Hall si gespaant op dat wat kënnt. E puer Sekonne méi spéit stinn se ënner puerem Schock. Wat de Public do ëm d'Ouere geschloe kritt, sprengt alles, wat bis dohi virstellbar war. Um Programm stinn déi "Fünf Orchesterstücke Op. 16" vun engem Mann, deen d'Musekswelt fir ëmmer sollt splécken: den Arnold Schönberg.
De Wiener Komponist war kee Mann fir douce Kompromësser. De Schönberg war dovun iwwerzeegt, datt déi al Reegele vun Tonalitéit, also Majeur a Mineur, ausgedéngt hunn. Hien huet d'"Emanzipatioun vun der Dissonanz" gefuerdert, also souzesoen d'Dissonanzen, déi net méi no ale Reegelen opgeléist gi mussen, mee ebe gewollt ervir gehuewe ginn. Et war d'Gebuertsstonn vun der fräier Atonalitéit.
1909 komponéiert de Schönberg säin éischt atonalt Wierk: "Drei Klavierstücke Op. 11". Dräi Joer dorop kënnt dann dat éischt komplett fräit atonaalt Wierk fir Orchester: "Fünf Orchesterstücke Op. 16".
De Public zu London war entsat - et kann ee scho bal vu Chance schwätzen datt keng Tomate geflu koumen. Och d'Press war komplett iwwerfuerdert: An den Zeitunge gouf d'Stéck als e "béisen Albdram" beschriwwen oder als "d'Kräische vun engem gequäälten Déier", wärend aner Kritiker iwwer e "grausamen an onerdréigleche Kaméidi" geschwat hunn an sech gefrot hunn, ob d'Museker gewollt esou falsch spille géifen, oder einfach d’Stéck net genuch geprouft hunn.
Perséinlech kann ee vum Stéck hale wat ee well, den Arnold Schönberg awer, huet mat de "Fünf Orchesterstücke Op. 16" den Horizont vun der Museksgeschicht erweidert, an esou munch aner grouss Komponiste beaflosst.
Eng Recherche vum Jonah Pütz