D’Auktiounshaus Propstore zu Hertfordshire, England ass amgaangen eng ëmfangräich Sammlung vum däitsche Produzent Reinhold Mack ze versteeën - dee Produzent, deen an den 1980er Joren och fir Queen hanner dem Mëschpult souz.
Iwwer d’Joren an der gemeinsamer Zesummenaarbecht hunn sech nämlech 82 Géigestänn an der Sammlung zesummefonnt, déi elo versteet solle ginn.
Dozou zielen ee Yamaha C3 Fligel, op deem de Frontmann vu Queen a Sänger Freddie Mercury zum Beispill de Song “Crazy little thing called love” drop komponéiert huet. Dëse Piano gouf haaptsächlech zu München an de Musicland Studios gespillt. Op dësem Piano hunn iwweregens och schonn d’Donna Summer, Led Zeppelin, d’Rolling Stones an Deep Purple hiren Album opgeholl. Geschat gëtt d’Instrument op ee Montant tëschent 235.000 a 470.000 Euro.
Wann dat äre Budget liicht sprenge sollt, kéint jo eventuell den Teddybier interessant sinn, deen de Freddie Mercury dem Reinhold Mack sengem Jong geschenkt huet. Dëse kéint vir ronn 900 bis 1900 Euro de Besëtzer wiesselen.
Fir d’Audio-Enthusiaste bitt d’Auktiounshaus an d’Sammlung vum Reinhold Mack awer weider Bijouen. Sou zum Beispill den originale Mikro, mat deem d’Stëmm vum Freddie Mercury opgeholl gouf. Dëse soll mat Posch a Kabele fir 45.000 bis gutt 90.000 Euro uerdentlech Suen abréngen.
Oder och handgeschriwwe Songtexter fir ronn 7.000 Euro Schätzpräis.
Fir déijéineg, déi matbidde wëllen: D’Auktioun vun den eenzele Piècen ass den 1. an 2. Oktober 2026.