Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Antoine-Joseph Sax, besser bekannt als Adolphe Sax, kënnt viru genee 212 Joer an der Belsch zu Dinant op d’Welt. De Beruff vum Instrumentebauer gëtt him an d’Kannerbett geluecht, säi Papp ass nämlech selwer Proprietär vun enger Blosinstrumentefabrik. Zu Bréissel mécht de jonken Adolphe Sax seng Etüden un der Musekschoul, hien ass een ausseruerdentlecht Talent. Hien entscheet sech a jonkem Alter Klarinett ze léieren. Mee séier stéiert de Museker eppes u sengem Instrument. Hien tüftelt doheem un engem neie System fir d’Bassklarinett, verbessert d’Proportiounen an d’Spillbarkeet vum Instrument, d’Klappemechanik ass net esou wéi en sech et virstellt an och den Triichter muss senger Meenung no no uewe gekrëmmt sinn. Eng Iddi, déi en ëmsetzt an och offiziell patentéiere léisst.

An de Knuet ass geplatzt. Hien entwéckelt och aner Instrumenter, tauscht hei an do eppes aus an huet op eemol d’Iddi vun engem Instrument, dat sech och perfekt fir Optrëtter dobaussen eegent. Seng Iddi: “Een Instrument, dat am Charakter der Stëmm vu Sträichinstrumenter nokënnt, mee mat méi Kraaft an Intensitéit”, sou den Adolphe Sax a sengem Patent, datéiert op den 21 . Mäerz 1846.

An tatsächlech bréngt den Adolphe Sax et fäerdeg een Instrument ze bauen, dat mol kräfteg wéi Blechblosinstrumenter, mol douce an onschëlleg klénge kann. Hie wëll een Instrument, dat souwuel an enger Militärmusek, wéi och am Sinfonieorchester funktionéiert an net esou séier verstëmmt. An et klappt! Hie selwer hätt sech wuel net virstelle kënnen, datt säin Instrument souguer ganz Genrë präägt wéi den Jazz oder Swing.

Mee och bekannte lokal an international Museker si begeeschtert. Den Hector Berlioz schreift direkt Wierker fir dëst neit Instrument.

Mee obwuel den Adolphe Sax mat senger Erfindung ufanks risege Succès huet, kritt hien duerch Revolutiounen an d’Enn vum zweete Keeserräich a Frankräich, wéi och vu Konkurrente vill Steng an d’Féiss geluecht. Souguer d’Aarbechter, an den Adolphe Sax hat der zu Spëtzenzäiten iwwer 100 Stéck, verrode Betribsgeheimnisser. 1870, no enger Zäit vu ville Geriichtsprozesser a feelenden Opträg, muss den Adolphe Sax Faillite deklaréieren.

Ronn 50 Joer duerno ass de Saxophon awer nees un der Spëtzt. Duerch afroamerikanesch Museker fënnt d’Instrument eng Plaz am Swing, am Jazz, a Big-Bands a spéiderhin der Pop-Musek. Charlie Parker, Coleman Hawkins, John Coltrane, Lester Young, Candy Dulfer: Bis haut Nimm, déi vum Sopranino bis zum Kontrabasssaxofon haut nach an de Playlisten erëmzefanne sinn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon | © gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France

Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon

1846 bréngt den Adolphe Sax frësche Wand an och Sound an d'Musek. Joerzéngten no sengem Succès muss hien awer Faillite umellen. Wéi koum et dozou?
headphones

4 min

play_arrow
Dirigent Herbert Blomstedt am Alter vun 99 Joer gestuerwen | © Reinhold Möller

Dirigent Herbert Blomstedt am Alter vun 99 Joer gestuerwen

Den Herbert Blomstedt ass dout. Dat deelt de Gewandhausorchester gëschter Owend an engem Social-Media-Post mat. De Gewandhauskapellmeister an Éierendirigent ass 99 Joer al ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Virun 150 Joer - Uropféierung vum Brahms senger 1. Sinfonie | © Collage / Pixabay

Virun 150 Joer - Uropféierung vum Brahms senger 1. Sinfonie

„Wenn man es wagt, nach Beethoven Sinfonien zu schreiben, so müssen sie ganz anders aussehen."
headphones

3 min

play_arrow
Vincenzo Bellini - de Meeschter vu laange Melodien | © Rijksmuseum

Vincenzo Bellini - de Meeschter vu laange Melodien

D'Oper "muss duerch Gesang beréieren, erféieren a stierwe loossen" - sou versteet de Vincenzo Bellini seng Musek an déi am 19. Joerhonnert.
headphones

4 min

play_arrow
Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer | © Marco Borggreve

Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer

“Ich kann keine Kompromisse machen, weil es so wichtig ist für den Klang und die Einheit dieses wunderbaren Stückes”
headphones

2 min

play_arrow
Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn | © Pexels

Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn

Haut ass de Stéchdatum fir d'Aschreiwunge vun den Auditiounen zu Lëtzebuerg am Kader vum European Union Youth Orchestra, deen op der Sich no neie Museker:innen ass.
headphones

2 min

play_arrow
Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026 | © Quell: www.danielmigliosi.com/gallery

Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026

Den 22 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi ass am In- an Ausland a verschiddenen Ensembelen an Orchesteren ënnerwee an huet och well 2 Albumproduktiounen erausbruecht.
headphones

3 min

play_arrow
En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston | © Natalia Tsarkova

En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston

De Boston Symphony Orchestra huet ënner der Leedung vum Kent Nagano en neit Wierk vum amerikanesche Komponist Tod Machover uropgefouert, wou och eng KI eng Roll spillt.
headphones

3 min

play_arrow
Geet den Trend nees Richtung CDen? | © Pexels

Geet den Trend nees Richtung CDen?

Aktuell Zuele vun der Recording Industry Association of America (RIAA) weisen - d'CDen an aner physesch Toundréier klammen a punkto Verkafszuelen. Mee bleift et just beim Trend?
headphones

4 min

play_arrow
Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin | © George Etheredge

Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin

An der Saison 2027/28 gëtt et eng éischte Kéier d'Méiglechkeet, mam Stardirigent Yannick Nézet-Séguin déi eegen Dirigentekarriär ze pushen. Mee wat stécht hanner dëser Initiativ?
headphones

2 min

play_arrow
Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27 | © Alexander Gavrylyuk (©Marco Borggreve) / Johannes Moser (©Simon Heydorn)

Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27

De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ schafft an der neier Saison fir zwee Projete mat zwee bekannte Solisten zesummen a sicht elo nach no passendem Renfort an de Reie vum Orchester.
headphones

3 min

play_arrow
80. Editioun vum Concours de Genève | © Pexels

80. Editioun vum Concours de Genève

Zënter 1939 ginn sech jonk Talenter um Concours de Genève d'Klensch an de Grapp an trieden an 8 Disziplinnen ofwiesselnd un. Dëst Joer an der Direktioun a Kompositioun.
headphones

3 min

play_arrow
Aus INECC gëtt Sanghaus | © Quell: www.sanghaus.lu

Aus INECC gëtt Sanghaus

Den Institut européen de chant choral Luxembourg, kuerz INECC, gëtt sech elo no 34 Joer zënter der Grënnung een neien Numm. "Sanghaus" soll elo de Gesang zu Lëtzebuerg fërderen.
headphones

5 min

play_arrow
Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper | © Jann Höfer

Elphi 2.0? - Startschwieregkeete fir d’Kölner Oper

Eis däitsch Nopere schénge mat Concertshaiser net vill Chance ze hunn. No Hamburg verrechent een sech 9 Joer méi spéit och mat der Kölner Oper. De Look ass allerdéngs imposant!
headphones

2 min

play_arrow
D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026 | © Quell: Ministère de la Culture

D'Lëtzebuerger Musekspräisser 2026

Fir déi drëtte Kéier ginn zu Lëtzebuerg mam "Lëtzebuerger Musekspräis" d'Talenter aus der Musekszeen geéiert. Nei dobäi sinn eng weider Präiskategorie wéi och ee méi grousse Jury.
headphones

2 min

play_arrow
Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein | © Paul de Hueck, courtesy the Leonard Bernstein Office, Inc

Viru 36 Joer stierft de Leonard Bernstein

Onverwiesselbar, charismatesch, usprochsvoll - als Dirigent präägt de Leonard Bernstein wéi keen aneren d’20. Joerhonnert. Hie stierft op engem 14. Oktober 1990.
headphones

4 min

play_arrow
Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026 | © Gregor Hohenberg / Guido Adler / Deutsche Grammophon

Dat sinn d'Gewënner vum Opus Klassik 2026

Och dëst Joer goufen nees d'Stare vum Joer op der grousser Gala zu Berlin mam Opus Klassik ausgezeechent.
headphones

3 min

play_arrow
MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper | © Pixabay

MET Oper cast Schlaang fir Mozart-Oper

En éischter ongewéinleche Casting huet sech an der MET Opera ofgehalen, bei där eng Schlaang fir dem Mozart seng Oper "Cosi fan tutte" gecast gouf.
headphones

2 min

play_arrow
Uropféierung vun der Catherine Kontz | © Patty Zavala / Unsplash

Uropféierung vun der Catherine Kontz

Wat hunn Täsche mat der Selbstbestëmmung vun de Fraen ze dinn?
headphones

2 min

play_arrow
D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al | © FindVej NoPic

D'Helios-Ouverture vum Carl Nielsen gëtt 123 Joer al

Haut virun 123 Joer war d’Uropféierung vum Carl Nielsen senger Helios-Ouverture Op. 17.
headphones

1 min

play_arrow