Eng Karriär, déi bal net méi impressionant kéint sinn. Méi wéi 70 Joer laang ass den Herbert Thorson Blomstedt, schweedeschen Dirigent a Papp vu véier Duechteren als Maestro mat de renomméiertsten Orchestere vun der Welt ënnerwee. Der Musek déngen, "auch wenn man eine sehr große Verantwortung hat", dat ass dem Herbert Blomstedt säi Liewenswee.
Fréi geet et mat der Musek lass. Zu Stockholm um Conservatoire a spéiderhin un der Uni Uppsala, der Juilliard School zu New York, zu Darmstadt a Basel geet et mat de Studien an der Karriär ëmmer méi no uewen. Den Herbert Blomstedt huet säin Debut als Dirigent am Joer 1954 mam Orchester vu Stockholm. Iwwer 70 Joer laang ass hie Chefdirigent vum Sinfonieorchester vum Schwedesche Rundfunk, tëscht 1975 an 1985 vun der Staatskapelle Dresden, Music Director vum San Francisco Symphony, dem NDR Sinfonieorchester an siwe Joer laang Kapellmeister vum Gewandhausorchester Leipzig tëscht 1998 an 2005.
Och als Gaaschtdirigent ass de passionéierte Museker, deen dacks als charmant, bescheiden, frëndlech an awer duerchsetzungsfäeg charakteriséiert gëtt, aktiv a gefrot. September 2021 a Mee 2023 ass den Herbert Blomstedt souguer op Visitt zu Lëtzebuerg fir Concerte mat de Wiener Philharmoniker an dem Chamber Orchestra of Europe.
Op der Bün gesäit een hien ouni Baguette "Ein Taktstock kann nützlich sein... heute ist er aber auch verrufen als Machtsymbol (..) Das sagt mir nicht besonders zu", sou de Blomstedt.
Gesondheetlech ugeschloe war den Dirigent duerch eng schwéier Infektioun schonn zënter Mee 2026, huet ëmmer nees Concerte missen ofsoen. Trotzdeem stoung den Herbert Blomstedt bis zum Schluss vu sengem Liewe mat enger onverwiesselbarer Passioun viru senge Musekerinnen a Museker. Säin Engagement fir déi grouss däitsch-éisträichesch Sinfonien tëscht Klassik a Romantik bleiwe bis haut ee Markenzeechen. Net ze vergiessen seng Léift zu senge Liblingskomponisten Anton Bruckner, Beethoven a Johannes Brahms.