D’Gattung vun de Sinfonien huet e puer Vertrieder, déi alles dran investéiert hunn an Honnerte vu Joren dono nach haut an eise Käpp hänke bleiwen.
Wat wier d’klassesch Musek am 18. Joerhonnert ouni de Joseph Haydn, deen iwwer 100 Sinfonien a sengem Liewe komponéiert?
D’19. Joerhonnert gouf iwwer 25 Joer laang vum Ludwig van Beethoven dominéiert. An duerno? Et war schwéier! Vill Komponisten hunn sech zwar nach u Sinfonie probéiert, mee et hat een d’Gefill, de Beethoven hätt mat senge monumentale Kläng alles ausgereizt, wat méiglech wier.
Och ee Johannes Brahms, deen zu senger Zäit souguer vun de Konkurrenten als “Musekgenie” gelueft gëtt, kämpft laang mam Gedanken, sech un d’Sinfonien ze trauen.
De Beethoven hat et gepackt, eng Sinfonie zu eppes Existenziellem ze maachen. Alles weisen, wat ee kompositoresch konnt. D’Sinfonie gouf ee Mëttel, sech ënner Gläichgesënnten ze vergläichen.
Komponiste wéi de Schubert, Mendelssohn, Schumann, Dvořák oder och de Brahms ginn dëser Gattung weider Chancen. An deelweis verfale si awer an eng Blockad. Déi eng probéieren et ganz spilleresch a liewensfrou, déi aner méi selbstkritesch. An awer gi se de Courage ni op. Oder awer? „Wenn man es wagt, nach Beethoven Sinfonien zu schreiben, so müssen sie ganz anders aussehen”, sou de Brahms.
1854 fänkt hien un ze skizzéieren. Aus Material fir eng Sinfonie, ginn awer ëmmer nees aner Gattungen. Säin éischte Pianosconcerto, Serenaden, ... Mol flitt eng Iddi an d’Poubelle oder an den hënneschten Eck vum Schaf. “Ich werde nie eine Sinfonie komponieren. Du hast keinen Begriff davon, wie es unsereinem zu Mute ist, wenn er immer so einen Riesen hinter sich marschieren hört”, schreift de Brahms un ee Kolleeg a mengt domat ganz kloer de Beethoven!
Insgesamt 22 Joer dauert et, bis seng éischt Sinfonie de 4. November 1876, haut viru genee 150 Joer, zu Karlsruhe uropgefouert gëtt. Mee och wann d’Kritiker deemools an dësem Wierk keen “Upgrade” zum Beethoven senge Sinfonie gesinn, schwätzen anerer vun der “10. Beethoven-Sinfonie”.
Wat fest steet, ass datt de Knuet an déi selbstkritesch Blockad vum Johannes Brahms lassgeet. Hie schreift méi zouversiichtlech a bréngt kuerz drop weider Sinfonien eraus. Dorënner seng 2. Sinfonie 1877 an duerno och nach zwou Sinfonien hannendrun sou wéi och aner Gattunge wéi Concertos a Lieder.