Vun alle Museksgenren kënnt d’klassesch Musek, wann et ëm d’Musekfërderung geet, am beschte weg.
Kuckt een sech d’Stied Basel, Bern, Genf, Lausanne, Lugano an Zürich no aktuelle Recherchen un, esou fält op: D’klassesch Musek ass vun alle Genren deen, deen dee meeschten ëffentleche Budget zur Verfügung gestallt kritt. Dat geet aus den neiste Zuele vun der Initiativ “Musikvielfalt” ervir.
Fir dës Recherche gouf d’Musek a verschidde Genren ënnerdeelt, wéi “Klassesch Musek” oder “Aktuell Musek”.
An obwuel den Zuelen aus dem Joer 2024 no 34,3% vun de Befroten Pop-, Rock-, Metal- oder Punk-Concerte besicht hunn an 19,8% Klassik oder Oper, schwätzen d’Zuelen a Punkto Musekfërderung eng ganz aner Sprooch.
Iwwerraschend sinn dës Zuelen a punkto Budgetsverdeelung wuel net, wann een sech de Schwäizer Medien no orientéiert. Vill méi wieren déi deelweis enorm Differenzen tëschent verschiddene Stied impressionant. Fir dës Etüd gouf de Budget nämlech pro Kapp gerechent. An dobäi packt eng Stad wéi Lugano et op 91 Schwäizer Franke fir d’Klassik. Am Verglach dozou Genf mat 321,4 Schwäizer Franken.
Och géif ee constatéieren, datt ee Groussdeel vun de Gelder iwwer laang Zäit scho festgeluecht wieren. Dovu géifen zwar déi etabléiert Haiser oder Locations a Veranstalter profitéieren. Nei ausgeschaffte Projete kéimen deemno awer ze kuerz.
Fir Diskussioun dierft dës Recherche op alle Fall an de nächste Méint suergen. Wuel och bei de kommende Budgetsverhandlungen.
Déi ganz Recherche fannt dir ënner www.musikvielfalt.ch