Shanghai Grand Opera House – sou ass de Numm vun engem impressionnanten Neibau, deen de 17. Oktober seng Dieren offiziell opmécht.
No 6 Joer Konstruktiounsaarbechte gi Concerts-, Operen- an Danzproduktiounen realiséiert an an dräi Säll mat Capacitéit fir entweder 1.000, 1.200 oder souguer 2.000 Leit presentéiert.
Eleng scho vu baussen ass den Design immens kreativ. Un engem Fächer inspiréiert, gëtt et een 28 Meter héijen Iwwerdaach, dee scho vu ganz wäit op sech opmierksam mécht an och als ëffentlech Passerelle genotzt gëtt. Bannen ukomm gëtt et am Sall awer och eng 3.500 m² grouss Bün.
Gewonnen haten de Concours fir den Design Snøhetta an ECADI.
82 verschidde Performancë ginn eleng an der éischter Saison 26/27 ugebueden.