Gëschter um 11. Mee gouf an der Scala zu Mailand grouss gefeiert. Do war et nämlech op den Dag genau 80 Joer hir, datt d’Scala nom zweete Weltkrich nees opgaang ass.
Deemools hat den Arturo Toscanini dirigéiert.
De Spirit vun der Wiedererëffnung vun 1946 sollt sech och wärendder Zeremonie wiesen. Deementspriechend stoungen Extraiten aus dem Verdi senger Oper “Nabucco” um Programm. De Samsden ass dann och d’Première vun enger neier Produktioun vun dëser Oper.