D'Ethel Smyth huet net nëmme sämtleche Konventioune getrotzt, wann et ëm d'Roll vun de Fraen an der klassescher Musek geet. Mee och soss huet si sech kengem Status Quo gefüügt, huet ëmmer hiren eegene Wee gesicht, an huet deen dann och ganz konsequent duerchgezunn. Dat huet leider bewierkt, datt si vun hirer Famill fortgeschéckt gouf, datt si iwwerall mat Kritik ze kämpfen hat a schlussendlech esouguer e puer Méint am Prisong verbruecht huet.
Mee gläichzäiteg huet dat awer och dozou geféiert, datt si déi éischt Komponistin gouf, déi den Éierentitel Dame zougesprach krut, an datt si direkt mat zwee Éierendoktertitele vun den Universitéite vun Durham an Oxford ausgezeechent gouf.
Lauschtert an déi beandrockend Liewensgeschicht vun der Dame Ethel Smyth ...