De Mattias Krantz, dee bekannt ass fir seng exzentresch musikalesch Experimenter, mécht am Moment an de Soziale Medien op sech opmierksam, well hie versicht engem Déier en Instrument bäizebréngen. Mee net egal wéi engem Déier! Hie well sengem Oktopus Piano spille bäibréngen.
Dofir huet hien och extra e klenge Piano baue gelooss, deen een am Waasser spille kann, an deen op dem Oktopus Takoyaki seng eenzegaarteg Stäerkten ofgestëmmt ass. Op de sozialen Netzwierker gesäit een dann och scho Videoe vum Takoyaki, wéi en zesumme mat sengem stolze Besëtzer musizéiert.