Klassik Album vun der Woch
Neapology
9 min
Ee ganz perséinlechen Album iwwer seng Heemecht
De Genny Basso koum 1984, also viru 40 Joer, zu Neapel op d’Welt. Spéider huet de Pianist och a senger Heemecht Musek studéiert, an zanterhier verbënnt hie mat der italieenescher Küstestad ganz vill perséinlech Erënnerungen. Scho wéi hien e Kand war, huet seng Mamm dacks ee spezifescht neapolitanescht Wierk um Piano gespillt: “Piscatore`e Pusilleco”. Dat Stéck spillt de Genny Basso och op dësem Album.
Berüümt an och manner bekannt Musek iwwer a vun Neapel
De Genny Basso spillt net nëmmen d’Musek op dësem Album, mee hien huet déi meescht vun de Wierker och selwer arrangéiert. Et ass e wëlle Mix vu ville verschiddene Komponisten a Klangwelten. Mat dobäi si Komponisten, déi genee wéi de Pianist zu Neapel gebuer sinn, an awer och auslännesch Museker, déi iwwer déi italieenesch Stad Musek geschriwwen hunn.
Musek voller Emotiounen an Atmosphären
Obwuel d’Atmosphäre vun de Wierker ganz ënnerschiddlech sinn, spillt de Genny Basso op dësem Album alles mat immens vill Gefill an Emotiounen. Et héiert ee bei all eenzel Nout eraus, mat wéi enger Passioun hien op de Pianostaste spillt. “Neapology” ass ee ganz perséinleche Projet, deen de Genny Basso am Fong schonn ëmmer realiséiere wollt. Mat dësem Album beweist de Pianist seng Léift fir seng Heemecht op déi beschte Manéier, mat Musek, déi vun Häerze kënnt.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
