Klassik Album vun der Woch
E Prënz op der Gei
11 min
Ee jonke Geiist voller Vivaldi-Energie
Théotime Langlois de Swarte - hanner deem laangen Numm verstoppt sech een 28-Joer jonke franséische Geiist, dee voller Energie stécht. Net nëmmen op Concertsbüne mee och op sengen Opnamen. Op sengem ganz neien Album spillt hien zesumme mam Kammerorchester Le Consort, e Grupp voller jonker Museker:innen. E perfekte Match also fir dem Vivaldi seng Musek ze spillen.
Net nëmmen e Prënz vun der Barockmusek
An de franséische Medie gëtt den Théotime Langlois de Swarte dacks als ee vun de “Prënze vun der Barockmusek” ugesinn. Dat passt och gutt bei säin aussergewéinlechen Numm, deen och nobel klengt. Dee Prënzentitel huet hien awer och wierklech verdéngt, well hie bréngt et fäerdeg, Barockmusek erëm zum Liewen ze bréngen a gläichzäiteg d’Energie an och d’Rou vun der Musek aus där Zäit ze verbreeden.
Ee grousse Kandheetsdram ass an Erfëllung gaangen
Beim Théotime Langlois dee Swarte ass deen éischte Kontakt mat Musek a spezifesch Barockmusek ganz natierlech geschitt. Seng Eltere ware Gesangsprofesseren, an dofir huet de jonke Geiist schonn als Kand ganz vill Barockmusek an zemools Vivaldi doheem héieren. An hien huet och selwer matgesongen an engem Chouer, dee seng Mamm dirigéiert huet - an och an deem Chouer gouf vill Musek vum Vivaldi gesongen. Et war och ëmmer scho säin Dram, eemol d’Concertoe vum Vivaldi op en Album opzehuelen.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
