Klassik Album vun der Woch
Bruckner 2
11 min
Firwat déi lescht Fassung?
De Bruckner ass bekannt dofir, seng Sinfonien ëmmer nees iwwerschafft ze hunn. Och bei der Nummer 2 ass dat de Fall. Nodeems an engem éischte Schrëtt d'Instrumentéierung an an engem zweete Schrëtt d'Form iwwerschafft goufen, ass dës lescht Fassung aus dem Joer 1877 e verhältnesméisseg kompakt Wierk. Soumat ass dës Opnam e gudde Choix als éischten Disk vum Bruckner sengem 200. Jubiläumsjoer.
E richtege Bruckner-Interpret
Den Dirigent Gerd Schaller huet 2011 säi Projet BRUCKNER2024 an d'Liewe geruff. Zil ass et fir all d'Sinfonië vum éisträichesche Romantiker, an all hire Fassungen, opzehuelen. Dësen Disk, mat der zweeter Sinfonie, ass also Deel vun engem groussen Zyklus.
An déi sougenannte “Pausensinfonie” gouf an der Kierch vun engem Klouschter zu Ebrach, a Bayern, opgeholl. Den Hall ass, wéi den Dirigent selwer seet, wichteg fir déi Spannungspausen ze markéieren. Och wann den Hall fir deen een oder anere kéint bëssen ze staark sinn, spillt den Orchester Philharmonie Festiva mat grousser Transparenz. Déi vill Stëmmen aus deenen eenzelen Instrumentegruppen, déi a verschidde Passagen all zesummekommen, sinn däitlech a Schichten erauszehéieren. Doduerch ass dës Interpretatioun weder iwwerlueden, nach schwéierfälleg, an awer energesch a stramm am Toun, do wou et gefuerdert ass.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
