Klassik Album vun der Woch
The Silk Road
10 min
D’Konzept, fir net nëmmen eng geographesch Rees, mee och eng zäitlos Rees ze maachen, huet iwwerzeegt. D’Faszinatioun vun den Atmosphären an den Harmonien aus dem Orient gouf et net just fréier, mee déi existéiert och haut. Dofir sinn net nëmmen de Saint-Saëns mat “Orient et Occident” an den André Caplet mat der “Suite Persane” vertrueden. Och déi zwee zäitgenëssesch Komponisten, Gisle Kverndokk a Mert Karabey, konnten op dësem Disk hir haiteg kënschtleresch Begeeschterung fir orientalesch Kläng ausdrécken. An dat duerch zwou vun der Oslo Kammerakademi bestallte Kompositiounen. Trotz de klanglechen Ënnerscheeder, spiert een, wéi sech iwwer d’Joerhonnerten ewech Komponisten an hire Virstellungen iwwerschneiden a vun anere Kulture gepräägt ginn.
Och déi kammermusikalesch Perfektioun ass ervirzehiewen. Séier Leef, déi sech tëschent de verschiddenen Instrumenter ofwiesselen, klénge bal wéi een Instrument. Eng immens gutt ausgeschafften Intonatioun erméiglecht dann och déi kultivéiert Klangbildung. Déi Iddi, fir Kontrabass als eenzegt Sträichinstrument an e Blosensembel ze integréieren, huet sech als e kompositoreschen Ass erwisen. Et ass de gezupfte Klang vun deem grousse Klangkierper, deen dem grousse Blosensembel en orchestrale Fong bitt. D’Perkussiounsinstrumenter sinn natierlech grad bei esou engem Repertoire och eng wichteg Komponent, fir nieft den Harmonien an de Melodien eng komplett orientalesch Impressioun ze garantéieren. Domat ënnerscheet sech d’Oslo Kammerakademi an dëser Produktioun däitlech vun engem normale Blosensembel.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
