Klassik Album vun der Woch
The Guitar Player
8 min
The Guitar Player ass deen zweeten Album vum schweedesche Gittarist Mattias Schulstad. Hien exploréiert bekannte Wierker aus dem Gittarerepertoire mat Stécker vu Manuel de Falla, Roland Dyens oder och Johann Sebastian Bach.
Schweedesch Volleksmelodien
Als Interluden zu de méi bekannte Stécker spillt de Schulstat eegen Arrangementer vu schweedesche Vollekslidder. “Ack Värmeland, du sköna”, “Sommarpsalm” oder och “Koralmelodi från Älvdalen”
En autobiografesche Charakter
De Mattias Schulstad spillt Stécker aus senger Zäit als Gittareschüler, wéi zum Beispill de Prelude an Do mineur, BVW 999. Dat war dat éischt Stéck vum Bach, wat hie jeemools gespillt huet. Mam Roland Dyens huet de Schulstad scho mat 15 Joer zesummegespillt a vill vum Meeschter geléiert. De Carlo Domeniconi huet hie perséinlech kennegeléiert a sech mat him iwwer d'Stéck “Koyunbaba” ënnerhalen.
Beléifte Stécker aus dem Gittarerepertoire
Dësen Album ass eng gutt Aleedung zum Solo-Gitarrerepertoire. De Mattias Schuldstad spillt beléifte Wierker aus iwwer 300 Joer Gittarerepertoire. Et ass e kontemplativen Album, deen een un engem Stéck lauschtere kann, andeems ee sech vun der Musek einfach dreiwe léisst.
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
