Klassik Album vun der Woch
Folias Americanas
8 min
Zwee Kontinenter, zwou Epochen
De Marin Marais war Komponist um Haff vum Louis XIV., also am 18. Joerhonnert, de Calixto Àlvarez gouf 1938 op Kuba gebuer. Hir Kompositiounen op deem Album hunn awer eppes gemeinsam: Allebéid hunn Danzsuite fir d'Viola de Gamba komponéiert.
D'Folies d'Espagne neiinterpretéiert
Dem Calixto Àlvarez seng Kompositioun “Folias Americanas” besteet aus Variatiounen op d'Melodie vun de Folies d'Espagne vum Marin Marais. Den Àlvarez interpretéiert awer déi traditionell Danzsuite nei. Am Plaz vun de franséischen Dänz huet hie fir seng Suite afrokubanesch Dänz benotzt. Als Intro an Outro ginn et zwee Stécker fir dräi Viole vum Marin Marais.
E modernen Ensembel mat historeschen Instrumenter
Den Ensembel Vedado besteet aus zwou Gamben, engem Cembalo, enger Theorbe an enger barocker Gittar. Den Ensembel besteet aus Museker:innen, déi souwuel den historesche Repertoire op héijem Niveau spillen, wéi och zäitgenëssesch Musek.
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
