Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Anna Amalie von Preußen - Fugue a Ré Majeur - Ensemble Diderot

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Album vun der Woch

opus / Klassik Album vun der Woch

/ Jonken Duo voller Feier a Flam

Jonken Duo voller Feier a Flam

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam
Schonn zanter hirer Kandheet spillen d’Sophie an de Vincent Neeb zesummen. Déi zwee sinn net nëmme Geschwëster mee och alle béid Pianisten - jonk Pianisten. D’Sophie huet ëm déi 24 Joer, an de Vincent ass zwee Joer méi al. Do passt och den Titel vum Album ganz gutt: “Sparks of Spirit”. Spark bedeit jo esouvill wéi Fonken, an den Duo spillt op dësem Album voller frëscher a jonker Energie - bal wéi Feierfonken, déi dauernd an d’Luucht sprangen.

Scho vill Präisser an der Täsch
D’Sophie an de Vincent Neeb hu scho mat 13 a 15 Joer hiren éischte Museksconcours zesumme gewonnen. Dat war dee vum Internationale Klavierduo-Festival Bad Herrenalb an Däitschland. Zanterhier hunn déi zwee sech och vill weider däitsch an international Präisser verdéngt.

Wéi aus zwou Hänn
Déi zwee Geschwëster spillen an esou enger gudder Harmonie, datt ee bal mengt, et géifen nëmmen zwou an net véier Hänn um Fligel spillen. Si loossen all Musek immens einfach klengen, an dat, obwuel dacks vill Konzentratioun a Virtuositéit gefrot ass.

E wëlle Mix u Komponisten
Op hirem neien Album spillen d’Sophie an de Vincent Neeb Musek vu véier ganz verschiddene Komponisten. Nieft dem Bach sinn och de Schubert, de Reger an de Rachmaninoff dobäi. Soumat ass et ass eng musikalesch Entdeckungsrees duerch verschidden Epochen.
Dëst ass en Album voller musikalescher Kontraster, bei deenen een definitiv Loscht kritt, op all zukünfteg Produktioune vum Klavierduo Neeb - an déi wäerten net laang op sech waarde loosse bei den zwee jonke Museker.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vun de Karpaten op déi grouss Bün

Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
headphones

9 min

play_arrow

Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
headphones

7 min

play_arrow

Mozart, You Drive Me Crazy!

D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
headphones

7 min

play_arrow

Suitte vum Dieupart a Bach

Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
headphones

5 min

play_arrow

Wann d'Feier brennt

Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
headphones

9 min

play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
headphones

7 min

play_arrow

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
headphones

5 min

play_arrow

Entdeckungen

De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
headphones

6 min

play_arrow

The Guitar Player

De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
headphones

5 min

play_arrow

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
headphones

7 min

play_arrow

E Prënz op der Gei

Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
headphones

5 min

play_arrow

De valenzianesche Mozart

De neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
headphones

6 min

play_arrow

Eng gelongen Transparenz

De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
headphones

5 min

play_arrow

Bruckner 2

Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
headphones

7 min

play_arrow

The Silk Road

Vu Venedeg bis a China mat véier verschiddene Komponisten. Op dës Rees hëllt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
headphones

7 min

play_arrow

Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Nei Opnam vun der Cellistin Nuala McKenna mam Pianist Robert Kulek mat Musek aus dem 20. Joerhonnert
headphones

8 min

play_arrow

Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass réischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
headphones

6 min

play_arrow

Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn

Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
headphones

4 min

play_arrow

Finnish Piano Works

Deen neien Album vun der finnescher Pianistin Terhi Dostal mat Musek aus hirer Heemecht
headphones

11 min

play_arrow

"Contrasts"

Wierker voller emotionale Kontraster, gespillt vun zwee jonke Museker
headphones

13 min

play_arrow