Radioen

On air

De barocke Moien  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Hautbois an Do Majeur, RV447, III. Minuetto - Kalev Kuljus (Hautbois/Dir.), Lithuanian Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Album vun der Woch

opus / Klassik Album vun der Woch

/ Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suitte fir Cello

Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suitte fir Cello

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Aus Léift zum Detail fir säin neien Album "Bach Cello Suite" opzehuelen ass de Filipe Quaresma an d'Klouschter vu São Bento da Vitória gaangen, eng Plaz mat enger ganz spezieller Akustik. Hie krut e sechssäitegen Cello geléint, dee 1720 vum Luthier Domenico Montagnana gebaut gouf. D'Instrument huet fréier der Guilhermina Suggia gehéiert, eng vun deenen éischten Cellistinne mat enger professioneller Karriär.

Authentesch opgeholl

Bei engem Stéck spillt de Quaresma zwar op engem moderne fënnefsäitegen Cello, dofir benotzt hien awer Säiten aus Daarm an eng Replik vun engem Bou aus dem 18. Joerhonnert. Fir déi Stécker, bei deenen d'Originalmanuskripter net méi existéieren, studéiert hien déi puer Kopien, déi et nach gi fir eng Spillweis ze fannen, déi historesch esou authentesch ass wéi nëmme méiglech.

En Album voller Emotiounen

De Filipe Quaresma widmet den Album sengem 2022 verstuerwene Papp. Et ass eng Musek, déi mat déiwen Emotioune gespillt gëtt: et héiert een de Quaresma deelweis mat ootmen. Den Cellist beschreift de Prozess vun der Opnam selwer als eppes Spirituelles, Meditatives an Transzendentales.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vun de Karpaten op déi grouss Bün

Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
headphones

9 min

play_arrow

Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
headphones

7 min

play_arrow

Mozart, You Drive Me Crazy!

D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
headphones

7 min

play_arrow

Suitte vum Dieupart a Bach

Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
headphones

5 min

play_arrow

Wann d'Feier brennt

Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
headphones

9 min

play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
headphones

7 min

play_arrow

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
headphones

5 min

play_arrow

Entdeckungen

De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
headphones

6 min

play_arrow

The Guitar Player

De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
headphones

5 min

play_arrow

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
headphones

7 min

play_arrow

E Prënz op der Gei

Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
headphones

5 min

play_arrow

De valenzianesche Mozart

De neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
headphones

6 min

play_arrow

Eng gelongen Transparenz

De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
headphones

5 min

play_arrow

Bruckner 2

Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
headphones

7 min

play_arrow

The Silk Road

Vu Venedeg bis a China mat véier verschiddene Komponisten. Op dës Rees hëllt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
headphones

7 min

play_arrow

Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Nei Opnam vun der Cellistin Nuala McKenna mam Pianist Robert Kulek mat Musek aus dem 20. Joerhonnert
headphones

8 min

play_arrow

Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass réischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
headphones

6 min

play_arrow

Mam Cello dat ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn

Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
headphones

4 min

play_arrow

Finnish Piano Works

Deen neien Album vun der finnescher Pianistin Terhi Dostal mat Musek aus hirer Heemecht
headphones

11 min

play_arrow

"Contrasts"

Wierker voller emotionale Kontraster, gespillt vun zwee jonke Museker
headphones

13 min

play_arrow