Klassik Album vun der Woch
Eklektesch, an awer vereent
7 min
De roude Fuedem vum Album "Bird Spirit Dreaming"
All Komponist huet seng eege kompositoresch Handschrëft, an awer loosse sech hir Wierker wonnerbar op engem Album kombinéieren.
Esou schaffen zum Beispill de Peter Sculthorpe an de Ross Edwards mat imitéierten Naturgeräischer (Vugelgesang) an de Matthew Hindson mat véierels Téin an arabesche Kläng. De Matthew Orlovich baut jazzeg, bal Bebop-aarteg Elementer a seng Kompositioun an. Et sinn och süd-ost-asiatesch Harmonien op dësem Disk erauszehéieren.
Wat d’Stécker all verbënnt ass eendeiteg d’Besetzung an d’Thematik: An alle Wierker ass de Saxofon zesumme mam Piano ze héieren. An jazzeg ugehaucht sinn déi meescht Kompositiounen och.
Doriwwer eraus schéngen déi sechs Komponisten eng staark Verbonnenheet zur Natur an zu de Kulture vun dëser Welt ze spieren. Dat léisst sech net nëmme klanglech op dësem Disk novollzéien, mee och an de Biographië vun de jeeweilege Komponisten. Domat weist dësen Album och, wat d’Komponisten op der anerer Säit vun der Welt beschäftegt, begeeschtert an inspiréiert.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden

Reimagined
Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
"authentique"
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Neapology
Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Suitte vun Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
Entdeckerfreed
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
