Wéi verännert sech eist Gehier, wa mir en Instrument léieren?
Fuerscher:inne vun der University of Nottingham hunn dat viru Kuerzem live gemooss, an den Opbau vun dësem Experiment ass relativ ongewéinlech. 22 Ufängerinnen an Ufänger sollten op der Gei “Twinkle, Twinkle, Little Star” spillen. Dobäi hunn se en Helm mat Sensore gedroen, dee ganz kleng Magnéitfelder vun der Gehier-Aktivitéit moossen. De Scanner gouf zu Nottingham entwéckelt a funktionéiert och, wann ee sech beweegt. Allerdéngs verdréit de Scanner kee Metall. Also huet de Geiebauer Alan Kirby extra en Instrument gebaut, wat komplett aus Holz besteet, gestëmmt an der Barockstëmmung.
Den Oflaf war da simpel: vir d’éischt missten d’Participanten probéieren ze spillen, da kruten se ee Cours vum Alan Kirby, an da konnten se dat selwecht Stéck nach eemol probéieren ze spillen. D’Fuerscher hunn sech dobäi déi sougenannt “Beta-Wellen” ugekuckt. Déi hëllefen dem Gehier offenbar ofzegläichen, ob dat, wat mir maachen, zu deem passt, wat mir erwaarden. Also zum Beispill: Kléngt den Toun esou, wéi ech e mer virgestallt hunn?
D’Resultat: Schonn eng eenzeg Stonn Cours huet dës Muster vun de Beta-Wellen däitlech verännert. A ween déi gréisst Verännerunge gewisen huet, ass och am stäerkste besser ginn. Natierlech ass d’Etüd kleng. Mee d’Fuerscherinnen a Fuerscher gesinn och een Notze fir d’Medizinn, well e puer vun den Effekter, déi gemooss goufen, bei Krankheete wéi Demenz beanträchtegt kënne sinn.