D'Kulturadministratioun vun Hamburg hat am Juni dëst Joer matgedeelt, datt ee vum 5. Oktober 2026 u 5 Euro Entrée pro Persoun froe géif, fir op de Balcon an Aussiichtspunkt vun der Elbphilharmonie kënnen ze goen.
Elo huet ee festgestallt, datt zënterhier ronn 40 Prozent manner Visiteuren op d’Plattform komm si wéi virdrun. Dat geet elo aus enger Ufro vun der CDU-Fraktioun ervir.
An Zuele bedeit dëst: Ufanks Oktober hätt een all Dag ronn 7.600 Visiteuren op der Plattform dierfen empfänken. Enn Oktober wieren et der nach just knapp 4.300 pro Dag gewiescht.
De Réckgang selwer wier net iwwerraschend, mee dësen héijen Taux awer schonn.
Zënter 2017 ass d’Elphi-Plaza, wéi se lokal genannt gëtt, fir Dausende Leit pro Dag eng vun de beléiftste gratis Attraktiounen. Op 37 Meter Héicht huet een nämlech eng exzeptionell schéi Panoramavue op d’Hansestadt.