Eng schéin Noriicht fir Lëtzebuerg aus der internationaler Musekswelt: D’Komponistin Albena Petrovic ass beim internationale Gesangsconcours zu Mâcon a Frankräich dobäi. Do ass si net nëmmen als Composer in Residence agelueden, mee si sëtzt och an der Jury vum Concours. A si huet direkt zwee eege Wierker mat an d’Bourgogne bruecht: “Au matin” a “Cage de Liberté” – zwee Lidder déi op Gedichter vun der lëtzebuergescher Schrëftstellerin Anise Koltz baséieren. D’Anise Koltz ass 2023 mat 94 Joer gestuerwen a gëlt als wichteg lëtzebuergesch Dichterin.
155 Sängerinnen a Sänger aus aller Welt hu beim internationale Gesangsconcours zu Mâcon matgemaach, an 86 vun hinnen hu sech an de Véirelsfinall-Ronne scho mat de Kompositioune vun der Albena Petrovic beschäftegt a se mat Pianosbegleedung ageübt.
De 15. November gi béid Lidder an der grousser Finall vum Concours mat Orchester opgefouert Eng flott Bün also fir d’Musek vun der Albena Petrovic, an och fir d’Poesie vun der Anise Koltz. Fir Lëtzebuerg ass dat eng schéin international Visittekaart.