Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Onstëmmegkeete wann et drëms geet, eng Decisioun ze huelen: Dat hu mer schonn alleguerten eemol erlieft. Deen ee fënnt dat do gutt, deen anere kritiséiert et am gläichen Otemzuch. An Diskussioune sinn och wichteg!

Mee heiansdo kënnt een dann egal wéi een sech dru gëtt, net op ee gemeinsamen Nenner. An déi Erfarung hunn elo och d’Berliner Philharmoniker an den Dirigent Iván Fischer gemaach, déi fir hiren eigentlech zesumme geplangte Concert Ufank November getrennte Weeër ginn.

Bei de Concerte vum 5., 6. a 7. November wäert den ungareschen Dirigent nämlech net um Pult stoen, fir dem Haydn seng Sinfonia concertante am dem Mahler seng Fënneft ze dirigéieren. An genau déi soll de Grond sinn!

D’Sëtzuerdnung am Orchester soll dem Iván Fischer net gefalen - hien hätt proposéiert d’Kontrabäss an der Mëtt hanner den Holzbléiser ze placéieren, esou wéi et och scho fir ee Concert am Joer 2022 gemaach gouf. Déi Opstellung hätt den Orchester awer ofgeleent. Si hätt een ze groussen Afloss op de Klang am Sall an och de Bléckkontakt tëschent de Museker:innen kéint esou net adequat garantéiert ginn.

D’Konsequenz: den Iván Fischer wäert de Concert opgrond vun dëser Decisioun net dirigéieren. Ersat gëtt hien duerch den Andrés Orozco-Estrada, Dirigent aus Kolumbien.

D’Berliner Philharmonie preziséiert an engem offizielle Schreiwes, si géifen “die Position des jeweils anderen” respektéieren.

Den Iván Fischer schreift op Social Media “Ich kann keine Kompromisse machen, weil es so wichtig ist für den Klang und die Einheit dieses wunderbaren Stückes”.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Neie Renfort fir d'Uni Mozarteum zu Salzburg - Igor Levit kritt Professur | © Felix  Broede

Neie Renfort fir d'Uni Mozarteum zu Salzburg - Igor Levit kritt Professur

D’Universitéit Mozarteum zu Salzburg kritt Renfort an den eegene Reien. Si huet bekannt ginn, datt de Starpianist Igor Levit ab Oktober 2028 do eng Plaz als Pianosproff kritt.
headphones

1 min

play_arrow
Marek Janowski: Abschidstournee | © Felix Broede

Marek Janowski: Abschidstournee

De bekannte Wagner- a Brucknerinterpret wäert seng lescht Concerten am Dezember 2026 dirigéieren a sech mat 87 Joer zur Rou setzen.
headphones

4 min

play_arrow
De Pionéier vun der däitscher Oper - virun 240 Joer gebuer | © anonym (Fotograf/Urheber) - Theater Museum Wien.

De Pionéier vun der däitscher Oper - virun 240 Joer gebuer

De Carl Maria von Weber huet a sengem kuerze Liewe vill Iddie gehat, déi bis haut eis Musekswelt prägen.
headphones

4 min

play_arrow
Eist Gehier verännert sech schonn no engem Cours um Instrument | © University of Nottingham

Eist Gehier verännert sech schonn no engem Cours um Instrument

Fuerscher:inne vun der University of Nottingham hunn dëst an engem Experiment festgestallt.
headphones

3 min

play_arrow
Gratis hat méi Succès - Elbphilharmonie Plaza mat nidderegen Zuelen | © Pixabay

Gratis hat méi Succès - Elbphilharmonie Plaza mat nidderegen Zuelen

5 Euro pro Persoun muss een zënter Ufank Oktober bezuelen, fir op d'Elbphilharmonie-Plaza ze kommen. Zënterhier sinn dann och 40 Prozent manner Visiteuren op d’Plattform komm.
D'Albena Petrovic beim Concours lyrique zu Mâcon | © Opus

D'Albena Petrovic beim Concours lyrique zu Mâcon

Déi lëtzebuergesch Komponistin ass als Composer in Residence a Jurysmember beim internationale Gesangsconcours zu Mâcon an der Bourgogne mat dobäi.
headphones

2 min

play_arrow
Dat sinn déi 3 Gewënner vum Global Project Grant 2027 | © Pexels

Dat sinn déi 3 Gewënner vum Global Project Grant 2027

De Global Project Grant huet 2027 dräi Gewënner ze annoncéieren. Dëse Projet vu KulturLX ënnerstëtzt Museker:innen aus alle Genren, hir Projeten ze realiséieren an ze promoten.
headphones

2 min

play_arrow
Dat sinn d'ICMA Nominatiounen 2027 | © www.icma-info.com

Dat sinn d'ICMA Nominatiounen 2027

Zënter 2011 sinn d'International Classic Music Awards d'Aushängeschëld fir déi beschte Kënschtler:innen, jonk Talenter, Labels an Éierepräisdréier auszezeechnen.
headphones

4 min

play_arrow
De Programm vum Wiener Neijoerschconcert 2027 steet fest! | © Julia Wesely

De Programm vum Wiener Neijoerschconcert 2027 steet fest!

Datt den Dirigent Tugan Sokhiev de Wiener Neijoerschconcert dirigéiert, stoung um 1. Januar 2026 fest. Elo ass och den offizielle Programm eraus an et gëtt eng Iwwerraschung!
headphones

3 min

play_arrow
Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon | © gallica.bnf.fr / Bibliothèque nationale de France

Adolphe Sax – de Papp vum Saxophon

1846 bréngt den Adolphe Sax frësche Wand an och Sound an d'Musek. Joerzéngten no sengem Succès muss hien awer Faillite umellen. Wéi koum et dozou?
headphones

4 min

play_arrow
Dirigent Herbert Blomstedt am Alter vun 99 Joer gestuerwen | © Reinhold Möller

Dirigent Herbert Blomstedt am Alter vun 99 Joer gestuerwen

Den Herbert Blomstedt ass dout. Dat deelt de Gewandhausorchester gëschter Owend an engem Social-Media-Post mat. De Gewandhauskapellmeister an Éierendirigent ass 99 Joer al ginn.
headphones

3 min

play_arrow
Virun 150 Joer - Uropféierung vum Brahms senger 1. Sinfonie | © Collage / Pixabay

Virun 150 Joer - Uropféierung vum Brahms senger 1. Sinfonie

„Wenn man es wagt, nach Beethoven Sinfonien zu schreiben, so müssen sie ganz anders aussehen."
headphones

3 min

play_arrow
Vincenzo Bellini - de Meeschter vu laange Melodien | © Rijksmuseum

Vincenzo Bellini - de Meeschter vu laange Melodien

D'Oper "muss duerch Gesang beréieren, erféieren a stierwe loossen" - sou versteet de Vincenzo Bellini seng Musek an déi am 19. Joerhonnert.
headphones

4 min

play_arrow
Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer | © Marco Borggreve

Wéinst der Sëtzuerdnung - Berliner Philharmoniker ouni Iván Fischer

“Ich kann keine Kompromisse machen, weil es so wichtig ist für den Klang und die Einheit dieses wunderbaren Stückes”
headphones

2 min

play_arrow
Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn | © Pexels

Last Call fir beim EUYO dobäi ze sinn

Haut ass de Stéchdatum fir d'Aschreiwunge vun den Auditiounen zu Lëtzebuerg am Kader vum European Union Youth Orchestra, deen op der Sich no neie Museker:innen ass.
headphones

2 min

play_arrow
Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026 | © Quell: www.danielmigliosi.com/gallery

Daniel Migliosi kritt de Prix Mameranus 2026

Den 22 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi ass am In- an Ausland a verschiddenen Ensembelen an Orchesteren ënnerwee an huet och well 2 Albumproduktiounen erausbruecht.
headphones

3 min

play_arrow
En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston | © Natalia Tsarkova

En Orchester a KI-Technologie zesummen am Asaz zu Boston

De Boston Symphony Orchestra huet ënner der Leedung vum Kent Nagano en neit Wierk vum amerikanesche Komponist Tod Machover uropgefouert, wou och eng KI eng Roll spillt.
headphones

3 min

play_arrow
Geet den Trend nees Richtung CDen? | © Pexels

Geet den Trend nees Richtung CDen?

Aktuell Zuele vun der Recording Industry Association of America (RIAA) weisen - d'CDen an aner physesch Toundréier klammen a punkto Verkafszuelen. Mee bleift et just beim Trend?
headphones

4 min

play_arrow
Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin | © George Etheredge

Neie Fërderprogramm mam Yannick Nézet-Séguin

An der Saison 2027/28 gëtt et eng éischte Kéier d'Méiglechkeet, mam Stardirigent Yannick Nézet-Séguin déi eegen Dirigentekarriär ze pushen. Mee wat stécht hanner dëser Initiativ?
headphones

2 min

play_arrow
Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27 | © Alexander Gavrylyuk (©Marco Borggreve) / Johannes Moser (©Simon Heydorn)

Den ONJ sicht Museker:inne fir d'Saison 26/27

De Lëtzebuerger Jugendorchester ONJ schafft an der neier Saison fir zwee Projete mat zwee bekannte Solisten zesummen a sicht elo nach no passendem Renfort an de Reie vum Orchester.
headphones

3 min

play_arrow