De Zohran Mamdani ass elo zënter knapp 10 Méint neie Buergermeeschter vun New York. Scho viru senger Wiel als neie Buergermeeschter war seng Richtung kloer. New York soll eng Stad ginn, déi sech d’Leit leeschte kënne sollen. Scho wärend de Wale stounge Sujete wéi Loyerskäschten, ëffentlechen Transport oder Kannerbetreiung op der To-Do Lëscht. Elo mécht de Zohran Mamdani “Neel mat Käpp” a kënnegt un: 70.000 Tickete fir ee Besuch an der weltbekannter MET Oper solle gratis un Awunner vun New York verloust ginn!
Grondviraussetzung ass, datt een zu New York wunnt an zënter 2019 net méi an der MET Oper war. “Konscht soll net fir déi reservéiert sinn, déi et sech leeschte kënnen. All Awunner vun New York soll d’Méiglechkeet hunn am Public ze sëtzen an d’Bün ze erliewen, egal wéi vill Suen een um Konto huet.” An tatsächlech ass d’MET Oper duerch hir deelweis extrem opwenneg Produktioune mat grousse Stare fir héichpräiseg Tickete vun e puer honnert Euro d’Stéck bekannt.
Verloust ginn d’Ticketen iwwer d’App vun der MET Oper, dat ëmmer den Dag virun enger Opféierung. Domat misst d’MET Oper also och bei all Virstellung ausverkaf sinn.