De Komponist John Williams an de Regisseur Steven Spielberg schaffen zanter engem hallwe Joerhonnert mateneen. Duerch hir Kollaboratioun ass Musek zu Filmer entstanen, déi Generatioune vu Mënsche markéiert huet. Ob “Jaws”, “Jurassic Park”, “E.T.” oder och “Indiana Jones”: Filmer, déi ee sech bal net ouni d’Musek vun deem anere virstelle kann.
Hir éischt Zesummenaarbecht war am Krimi-Drama “The Sugarland Express”, dee 1974 erauskoum.
Deen neie Spielberg Science-Fiction-Film “Disclosure Day” ass déi 30. Zesummenaarbecht vun deenen zwee. Et ass d’Geschicht vun engem Cybersecurity-Expert an enger Meteorologin, déi probéieren d’Welt iwwer d’Existenz vun Aliens opzeklären, wärenddeem si vun Agente verfollegt ginn. Mat dobäi ass d’Schauspillerin Emily Blunt, esou wéi d’Schauspiller Josh O'Connor, Colin Firth, Eve Hewson an Colman Domingo.
Den John Williams ass mëttlerweil 93 Joer al, hien hat eigentlech beim leschten “Indiana-Jones”-Film 2022 erwäänt, et kéint well seng lescht Filmmmusek sinn. An awer mécht hie weider. An engem Interview sot hien iwwer de Spielberg: “Eppes ass hien net, an zwar e Mann, wiem s de nee sees”. Anscheinend hätt de Williams dem Spielberg véier aner Komponiste fir säi Film “Disclosure Day” virgeschloen, de Spielberg hätt awer onbedéngt nees wéilte mat him zesummeschaffen.
Déi nei Musek zum Spielberg Film “Disclosure Day” vum John Williams koum haut (12.6.) op alle Streamingplattformen eraus a ka vun elo u gelauschtert ginn.