Verschidden Ensembele mat Musekerinnen a Museker vun der Lëtzebuerger Militärmusek spille vum 11. bis den 22. Mee Concerten a Pfleege- an Altersheemer. Dëse Projet ass eng Collaboratioun tëscht der Fondation EME an der Militärmusek.
D'Iddi an d'Zil ass et de Leit déi net méi esou einfach an de Concertssall goe kënnen, d'Musek an déi eege véier Wänn ze bréngen.
De musikalesche Programm ass Kammermusikalesch ugeduecht. Gläichzäiteg wëll ee weisen, wéi wichteg Musek fir d'Wuelfillen, den Zesummenhalt an d'Liewensqualitéit wier, esou d'Fondation EME an engem Schreiwes.